« Kanneraarmut zu Lëtzebuerg muss méi staark bekämpft ginn »

Esou ass d’Iwwerschrëft vun enger Nooricht op RTL.lu. Eng Nooriicht tëschend villen an déi leider erëm séier wäert vergiess sinn. Ophänkert fir dësen Artikel ass den Innocenti 10 Rapport vun der UNICEF, bei dem mir zu Lëtzebuerg net onbedingt di beschte Note kréien. Iwwerhaapt ass dat doten längst gewosst an dierft d’Politik zu Lëtzebuerg net iwwerraschen. Schon am Joer 2007 huet d’Arbeiterkammer e (fir mech) ganz schockéierenden Rapport iwwert den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg gemeet, bei dem ë.a. erauskoum, datt den Risiko fir  an d’Aarmut ze falen hei am Land net erofgeet, mee klëmmt, all Joers e bëssen. Wuel gemierkt, dat war alles virun der Finanzkrise, also an de soug. « fette Joren ».

Der Etude vun der AK no, läit den insgesamten Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg bei 15% vun der Populatioun. Duerch di soug. Sozialtransfert’en (also staatlech Hëllefen ewéi Kannergeld etc) gouf dëse Chiffer schon ëm 43% reduzéiert. D.h. also am Konkreten, datt all di Hëllefen ewéi Kannergeld, Chèques services asw. absolut noutwendeg a berechtegt sinn. (Ech wëll elo hei net drop agoen datt dës Leeschtungen och méi zielorientéiert kinnte sinn). Dee gréisste Risiko an d’Aarmut ze falen droen d’Famille mat Kanner a virun allem déi elengerzéihend Elteren, dee klengste Risiko droen dogéint déi Pensionnéiert…

  (Ak-Info 3/2007)

2005

2006

 Haushalte mit unterhaltsberechtigten Kindern

17,10%

17,20%

 2 Erwachsene mit 1 unterhaltsberechtigten Kind

13,10%

10,10%

 2 Erwachsene mit 2 unterhaltsberechtigten Kindern

16,20%

14,40%

 2 Erwachsene mit 3 und mehr unterhaltsberechtigten Kindern

20,70%

22,70%

 Alleinerziehende mit 1 oder mehr unterhaltsberechtigten Kindern

31,70%

49,20%

 Haushalte ohne unterhaltsberechtigte Kinder

7,60%

9,90%

 Alleinlebende

13,70%

16,30%

 Alleinlebende Frauen

12,90%

15,70%

 Alleinlebende Männer

14,90%

17,00%

 Alleinlebende unter 65 Jahren

17,10%

20,80%

 Alleinlebende über 65 Jahre

7,20%

8,00%

 2 Erwachsene unter 65 Jahren ohne unterhaltsberechtigte Kinder

6,00%

7,20%

 2 Erwachsene, davon mindestens 1 über 65 Jahre, ohne unterhaltsberechtigte Kinder

7,30%

7,50%

D’Regierung huet elo hiere neie « Stabilitéitsprogramm » op Bréissel geschéckt, an et mierkt een, datt probéiert gouf bei alle Spuermossnahmen déi Akommesschwaachst ze « schounen ». Jo, d’Steiererhéijungen déi dinn dene net wéih déi souwisou keng Steieren bezuelen. Wat ech awer vermëssen an der ganzer Diskussioun, dat ass wéi mer wëlle probéieren den Aarmutsrisiko rofzedrécken ? Wou sinn dann d’Mossnahmen fir deenen ënnert d’Ärm ze gräifen, déi et am néidegsten hunn ? Speziell also den Elteren mat Kanner an den elengerzéihenden Elteren ?

Dat hei muss zu enger vun de kruziale Froen vun der Politik ginn. Et geet net méi duer ëmmer nees ze bedaueren datt och an dem « räiche » Lëtzebuerg vill Leit « op der Streck » bleiwen. Et gëtt héich Zäit mat de Viruertdeeler wéi « Profiteuren », « Sozialschmarotzer » asw opzeraumen.  Dës zwou Etuden (UNICEF an AK) beleen eendeiteg, datt d’Schéier tëschend Aarm a Räich nach ëmmer ausernaaner geet.

Eng Mesure déi ëmmer nees opgeworf gett ass déi vun der soug. Negativ-Steier. Villäicht gett et endlech Zäit dat méi genee ze préiwen… Wichteg wär och den “tiers-payant” bei den Dokteschrechnungen anzeféieren (fir jidereen).

Wouvunner ech zimlech wéineg halen sinn di Mietzuschüsse déi elo décidéiert goufen. Heimadde schafe mer zwar endlech déi Ongerechtegkeet of, datt just déi vum Staat ënnerstëtzt ginn déi e Logement kafen an déi di lounen bis elo näischt bäigeluecht kritt hunn. Et schéngt awer offensichtlech ze sinn datt all di « Cash » Hëllefe vum Staat an der Logementspolitik just zu enger Präissdeirecht gefouert hunn…

 

http://www.csl.lu/component/rubberdoc/doc/83/raw

http://unicef.lu/node/991

http://news.rtl.lu/news/national/253929.html

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site uses WP based on theme Le@nmagazine