Intressant Statstik

Et schéngt jo elo demnächst nees iwwer Komptitivitéit, Index, Mindestlouhn etc geschwat ze gin. An dem Kontext get ëmmer erëm doriwwer geschwat datt eis Lounkäschten zu Lëtzebuerg vill ze héich wieren par rapport zum Ausland. Hei eng Statstik vum Statistisches Bundesamt an dem Eurostat. Deemno beleeë mer am EU-27 Ranking di 9. Plaz…

Wa mäer da lo soen eis Lounkäschten wieren par rapport zum Ausland vill ze héich, da fällt mer op datt mer di niddregst hunn vun all eisen direkten Nopeschlänner.

Et liicht jo jiderengem an, datt Entreprisen, speziell Industrie wëlle bëlleg produzéieren a sech fir hier Standuerter Länner mat niddrege Lounkäschten eraussichen, mee ass dat en Argument fir de Mindestloun erofzesetzen?

D’Fro ass jo déi heiten:

Mat weem solle mer eis da vergläichen ? Mat Rumänien a mat Bulgarien? … oder mat China an Indien ?

do hale mer souwisou net mat, op mer eise Mindestloun afréieren, den Index manipuléieren oder ofschafen…

Ech sinn op alle Fall iwwerrascht, datt mer am EU-27 Vergläich op di 9. Plaz kommen, wann ech eis Chambres des Métiers oder du Commerce oder och nach eenzel Politiker héieren hunn ech ëmmer gemengt mär missten an dem Ränking wäit un der Spëtzt leien…

Arbeitskosten je geleistete Stunde im Jahr 2010 in Euro
Rechenstand: 4. Quartal 2010
Mitgliedstaaten der Europäischen Union Privatwirtschaft Verarbeitendes Gewerbe
(absteigend sortiert nach dem Arbeitskostenniveau in der Privatwirtschaft) Euro Euro Rang
Quelle: Berechnungen von Destatis auf Basis von Eurostat, Online-Datenbank vom 24.03.2011
Europäische Union (EU 27) 22,1 22,5
Belgien 37,2 38,5 1
Schweden 35,9 37,2 2
Dänemark 37,6 36,2 3
Frankreich 33,1 34,2 4
Deutschland 29,2 33,1 5
Finnland 28,9 31,6 6
Niederlande 30,4 31,1 7
Österreich 28 30,2 8
Luxemburg 32,8 30 9
Irland 27,6 29,8 10
Italien 25,6 25,3 11
Spanien 20,1 21,6 12
Vereinigtes Königreich 20,3 20,7 13
Griechenland 17,5 16,6 14
Slowenien 14,1 13,4 15
Zypern 16,2 12,9 16
Malta 11,5 11,8 17
Portugal 12 10,3 18
Tschechische Republik 10 9,4 19
Slowakei 7,9 7,7 20
Estland 7,7 7,2 21
Ungarn 7,3 7 22
Polen 7 6,3 23
Litauen 5,3 5,1 24
Lettland 5,7 5 25
Rumänien 4,3 3,5 26
Bulgarien 3,1 2,6 27
Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine