Kee Grond fir ze wackelen !

Den CSV-Fraktiounschef, Jean-Louis Schiltz freet op RTL, fir d’Diskussioun ëm den Index direkt a net eréischt am Hierscht ze féieren. Dëst sot hien als Reaktioun op en Interview mam Lucien Lux, deen gesot huet, datt d’Kompetitivitéit net eleng eng Fro vum Index ass. De Lucien Lux huet Recht, wëll eis Entreprisen nach mat ganz anere Problemer wéi dem Index ze kämpfen hunn. Wéi zB déi éiweg laang Prozeduren, komplizéiert administrativ Démarchen etc. etc…

Mee kommt mer bleiwe mol beim Index.

D’LSAP huet op hierem Kongress festgehalen:

Die LSAP … erkennt keinen akuten Handlungsbedarf beim Indexsystem und stellt fest, dass die nächste Indexzahlung Mitte 2010 integral erfolgen wird;
- ist der Meinung, dass im Falle einer Verschlechterung der Wettbewerbsfähigkeit, die zu einer Bedrohung von Arbeitsplätzen führt, die Regierung – wie in der Vergangenheit – handelt und mit den Sozialpartnern über angemessene Maßnahmen in Sachen Indexsystem verhandelt….

Ech denken, dat wär zimlech kloer: Et gouf den 30.4.2010 kee Grond fir un den Index fréckelen ze goen.

Dee gett et och haut net !

Wat sinn ëmmer d’Argumenter fir den Index  “ze kappen, ze deckelen, ze moduléieren, ze reforméieren, za plafonnéieren, ofzeänneren” also “ofzeschafen” ? D’Haaptargument ass ëmmer, datt “falls d’Petrolspräisser gingen de Koplabunz schloen, et kéint sinn, datt bannent kuerzer Zäit direkt e puer Indextranchen gingen erfalen an dat eisen Entreprisen ging schueden”

Da kommt mer kucken emol d’Petrolspräisser:
Haut, den 2.6.2010 läit de Barrel bei  74 $
op eisem Kongress, den 30.4.2010 loung de Barrel bei 87 $

… am July 2008 waren et esouguer 140 $ de Barrel, also bal duebel sou vill ewéi haut.

Ech gesinn also net den akute Bedarf fir haut mussen eng Indexplafonnéierung anzeféieren. Kommt mer schwätzen iwwer d’Problemer vun de klengen a mëttelgroussen Entreprisen, mee eleng eng Diskussioun iwwer den Index ze féieren ass den Ament net justifiéiert.

D’LSAP wäert op dem Punkt och net wackelen!

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments (2)

 

  1. Laurent says:

    Ech verstinn d’Logik vun der LSAP an der Fro vum Index net. Engersäits gëtt den Index energesch verdeedegt, anersäits ginn drastesch Mesuren wéi bei den Studenten oder jonken Familljen geplangt. Wier et net besser déi Suen beim Index ze spueren, deen jo nëmmen zum Deel eng sozial Mesure ass.

    Zweetens ass wéineg hëllefräich fir sech hannert dem Pëtrolspräis ze verstoppen fir näischt ze maachen an ze hoffen, dass een sech nach bis no den Gemengewahlen iwwert d’Zäit retten kann. Dass d’Pëtrolspräisser wäerten laangfristeg steigen ass jo méi wéi kloer.

  2. Zalü Laurent,
    D’LSAP hat sech jo awer kloer distanzéiert vun de Mesüren déi d’Famillen an d’Studenten treffen. An et ass jo gewosst, datt wéinst der LSAP hierem Asatz, déi Mesüren neess aus dem Regierungspak (Versioun Frieden) erausgeholl goufen. Och d’Boursen fir Studenten sinn als Kompensatioun dra komm well notamment de Nicolas Schmit sech géint dat eesäitegt Ofschafe vum Kannergeld ab 21 gewiert huet. Den Index ass och net zum Deel eng sozial Mesüre, et ass ganz eleng eng Mesüre fir den Ausgläich zum Kafkraaftverloscht. Fir dat sozialt am Loun hu mer eng progressiv Steiertabell…
    Zu de Petrolspräisser: hmm… ech menge net datt sech do verstoppt get. Recht hues de: d’Energiepräisser ginn onweigerlech an d’Luucht, schon eleng well mer amgaange sinn all eis Ressourcen op der Äerd ze verbrauchen. Wat ech a méngem Post wollt soen ass: haut get gesot mer mussen den Index ofänneren well d’Petrolspräisser an d’Luucht ginn, dobäi si mer haut nach an der Situatioun, datt d’Präisser vill méi niddreg sinn ewéi nach virun 2 Joer… virwat musse mer dann direkt sou drastesch Moossnahmen ergräifen ? (a virun allem wiem notzt dat ? cf Post http://www.yvescruchten.net/wp/2010/04/29/e-puer-reflexiounen-zum-index/)
    Dobäi ënnersträichen ech nachemol, datt eist Land ganz aner Problemer huet ewéi den Index eleng.

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine