Ried Kongress 30.4.2010

Foto: tageblatt.lu
Léiw Komerodinnen a Komeroden,
Mäer haten eis alleguerten eppes anescht virgeholl den owend. Den een wollt villäit en Owend mat der Famill verbréngen, en aneren bei enger vun de sëlleche Manifestatiounen vun de Gewerkschaften nach een anere wollt Gebuertsdag feieren..
.. An dach: si mer alleguerten frouh haut hei ze sinn, well haut geet et ëm eppes!
Op eisem Südbezierkskongress war proposéiert ginn no der Tripartite en aussergewéinleche Kongress ofzehalen.
Merci datt dir zu esou vill hei op Mutfert komm sidd fir zesummen ze kucken op wat fir eng Schinn mir eist Lëtzebuerger Land setze wëllen.
Den Owend seet d’LSAP wuer et hi geet.
Jo, d’LSAP.
An dat sinn net nëmmen déi mam Asselborn.
D’LSAP, dat si net nëmmen déi mam Bodry oder déi mam Schmit oder déi mam Krecké…
Nee, d’LSAP, dat ass net eng EE-Mann Partei.
D’LSAP, dat sinn:
- 13 Deputéierten
- 24 Buergermeeschteren
- 45 Schäffen
- 210 Gemengeréit
D’LSAP, dat sinn
- 3 Ënnergoranisatiounen
- 4 Bezierkscomité’en
- 15 Aarbechtsgruppen
A net zulescht: d’LSAP, dat sinn ronn 6.000 memberen !
Memberen di mer eescht huelen an der Partei. Grad esou wéi mer et eescht huele wa mer vu Matmaachen a matdécidéiere schwätzen.
Heiansdo ginn ech gefrot firwat ee soll grad an d’LSAP antrieden a net an eng vun den anere Parteien…
Abee deene kann ech soen: Wéinst haut ! Wéinst dësem Kongress ! d’LSAP zeechent sech aus duerch eng sozial a gesellschaftlech equilibréiert Politik wou d’Demokratie-Versteesdemech keen eidelt Wuert ass. Bei eis ka jidfereen, am géigesäitige Respekt nattierlech, mat schwätzen a mat decidéieren och bei komplizéierten Dossieren wéi der Tripartite.
Dat wat fir d’LSAP evident ass, ass et net fir di aner Parteien:
Bei der CSV gëtt d’Parteibasis iwwerhaapt net gefrot! Déi hun näischt ze mellen. Do decidéiert de Chef, a si dierfen héchstens, allerhéchstens eng Pressekonferenz maachen, fir ze soen si géifen him Recht ginn.
D’CSV seet ëmmer si eleng hätt d’Wourecht gepacht; mir däerfen eis, leif Komerodinnen a Komeroden, net dovun impressionnéiere loossen. Mir sinn e konsensfähige Partner, dat stëmmt, mee mir hunn awer och eege Prinzipien an Objektiver. Do geet et ëm eis Kredibilitéit
Déi Gréng Parteibasis, falls et iwwwerhaapt esou eppes get.. Déi gett eréischt am Summer gefrot, wa scho laang alles gelaf ass. Déi Gréng si Luusserten: Wann et an der Politik e bësse kriddelech gëtt, da sinn si op eemol ganz diskret; dann ass bei hinnen wéi een op däistsch géif soen: gähnende Leere!
Dann d’DP. Si entpuppt sech als populistesch Partei; amplaz selwer Proposen ze maachen, verstoppe si sech hannert engem Ideenconcours op dem Internet:dat ass eng regelrecht politesch Démissioun!
Den ADR brauch seng Basis net ze froen; si si souwisou dergéint.
Géint wat frot dir mech? Egal, haaptsaach dergéint.
Mat all deem Gedässems vun den Oppositiounsparteien kënnt dir léif Komerodinnen a Komeroden, näischt ufänken.
Dir sidd scho richteg hei; Hei ass Aer Plaz; Hei um Kongress vun der LSAP.
Mir sinn den Owend zesumme komm fir gewuer ze ginn wat eis Leit an der Regierung mat dem Koalitiounspartner diskutéiert hunn. Dëst ware laang a schwiereg Diskussiounen. An dach hu mer et fäerdeg bruecht als Partei Profil ze weisen. Mir si weder ënnert de Schlapp vun der CSV, nach en Unhängsel vun enger oder däer anerer Lobby. An dat léif Komeroden a Komerodinnen, dat hunn d’Lëtzebuerger verstan.
Ech wënschen eisem Kongress e fairen a konstruktive Verlaf.
Mir hunn den Owend di historesch Geleenheet dobaussen ze weisen:
- datt mer fäheg sinn dëst Land och a schwieregen Zäiten ze féieren
- datt mer fäheg sinn zum Konsens, am Intressi vu Lëtzebuerg an de Leit di hei wunnen
- datt mer fest halen un eisen Idealer
Mir hunn den Owend di historesch Geleenheet nach méi staark am politische Liewe vun eisem Land ze gin !
(…) Ech soen Iech Merci a wënschen eis all e gudde Kongress.








