Eng verantwortlech LSAP
![]()
Fir vill Opreegung schéngt de Beschloss vum LSAP-Kongress ze suergen, datt no den Tripartite-Verhandlungen d’Parteispëtzt hier Basis, spréch en ausseruerdentleche Kongress, wëll consultéieren.
Speziell der CSV schéngt dëst net ze schmaachen, op alle Fall net hirem Fraktiounspresident Schiltz (cf Wort vun haut).
Dozou ass folgendes ze soen: Jo, d’LSAP steet zu dem wat an de Koalitiounsverhandlungen ofgemeet gouf. Dësen Accord krut vum LSAP Kongress zu Bouneweg gréng Luucht. Och d’CSV huet dësen Accord vun hirer Basis ofseene gelooss.
Lo ass et awer esou, datt genee dat wat di nächst Woche soll an der Tripartite verhandelt ginn op Wonsch vun de Koalitiounsparteie NET am Koalitiounsaccord festgehale gouf!
Well d’LSAP sech selwer an hier Memberen eescht hëlt, ass et dofir nëmme normal, datt si mat hiere Memberen doriwwer diskutéiere wëll. Dëst ass ëm sou méi wichteg, falls et an der Tripartite NET zu engem Accord géing kommen (wat mer jo alleguerte net hoffen). Da läit de Ball nämlech bei de politesche Parteien, déi dann hier Verantwortung mussen huelen…
Aus dëse Grënn fannen ech et grad “verantwortlech” datt de Kongress dee Beschloss geholl huet.
Villäicht huet d’CSV e gespléckten Verhältnis zum Konzept vun der « Basisdemokratie », dat soll awer di aner Parteie net dorunner hënneren et anescht ze maachen.
Ech sinn op alle Fall frou doriwwer datt an der LSAP nach däerf a kann diskutéiert ginn, dat schéngt an der CSV anescht ze sinn.








