Käerjeng 2010

Gëschter war di éischt offiziell Sëtzung ënnert dem neie Buergermeeschter Michel Wolter. U sech war näischt spektakuläres ze diskutéieren, intressant war awer d’Aféierungsried vum neie Buergermeeschter. “Käerjeng 2020″ heescht de Slogan mat dem hien lo 20 Méint laang wäert duerch d’Generalversammlungen zéien fir de Bierger ze verkréckelen datt et nawell en Zukunfstprojet fir eis Gemeng get (wat mer bis elo op alle Fall vermësst hunn), an der Hoffnung, datt d’Bierger der CSV am Oktober 2011 nach emol eng Chance ginn. Ech hunn awer d’Impressioun, datt dat weder den Zukunftsprojet vun der CSV, nach vun der CSV-DP-Déi Gréing Majoritéit ass, mee dat et sech hei juste an eleng ëm di perséinlech Visiounen vum Michel Wolter handelt.

Egal. Wann den Här Wolter dervu schwätzt, datt de Staat eis Gemeng net eescht hëllt (Stéchwierder: Industrie a Contournement), da muss ech him Recht ginn. Froen awer direkt hannendrop: Wie soutz dann iwwert ee Jorzéngt an der Regierung, am Inneministär ?! Wie sëtzt da schon zanter 1984 an der Chamber, als Députéierten oder als Fraktiounspresident ?! Hätt dës Persoun net kënnen an der Vergaangenheet sech e bessi méi ëm eis Gemeng beméihen ? Elo op emol wou dës Persoun, géint säi Wëllen (!), d’Geschécker vun eiser Gemeng leede muss (!) gesäit alles anescht aus ?

Allez, Allez ! Mäer brauchen en Zukunftsprojet, Jo! Mäer musse mam Staat iwwer verschidden Dossier’en streiden, Jo! Mäer mussen eis awer och ëm d’Suergen vun haut këmmeren, ëm de Projet “Käerjeng 2010″.  D’LSAP wäert dat weiderhin maachen, mat Engagement a Konsequenz!

Karrikatur: Carlo Schneider (tageblatt)

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine