Ried zum LSAP-Südbezierkskongress
Wëllkomm hei zu Käerjeng an där schéiner Hal75, dat Bescht wat eis Gemeng a Punkto Kulturzentrum ze bidden huet.
Wann Dir haut sollt kal Féiss kréien, da beschwéiert iech net, och eis Museken an eisen Theater dinn all Kéiers 2 Puer Huesen un wann se hei am Wanter optrieden. D’Heizung kann ee net umaachen, da versteet ee säin eegent Wuert net méi.
Ech soen dat heiten och net ganz ouni Hannergedanken: Zanter bal 15 Joer schwätze mer hei an der Gemeng dervun eis en anstännege Kulturzentrum ze ginn, keen Trifolion, kee Pei-Musée, mee eng adäquat Infrastruktur fir eis kulturschaafend Leit an eis Veräiner. Och ënnert eisem neie Buergermeeschter gëtt dëse Projet op di laang Bänk gedréckt, dh et denkt keen drun en unzepaken.
Dir mierkt léif Komerodinnen a Komeroden, ech sinn amgaang dës Tribune ze mëssbrauchen, déi der mer haut op eisem Südbezierkskongress gitt.
An ech schumme mech och net dofier, well et gëtt grad zu dësem Ament a grad hei zu Käerjeng villes ze soen:
D’Gemeng Käerjeng gëtt eis e gutt Beispill wéi een d’Gemengepolitik NET soll upaken:
Dës Gemeng gëtt gefouert vun enger Schwaarz-Blo-Gringer Koaltioun. An däer sech dat Gringt an dee Bloen awer de Posten am Schäfferot mussen deelen (dh jidereen 3 Joer), e Postesplitting also géint deen sech dee fréieren Inneminister Wolter ëmmer gewiert huet. E Splitting den hien u sech wollt bei mat enger Reform vum Walgesetz am Joer 1997 verbidden.
Gesplitt gouf awer net nëmmen de Schäffeposten, och de Buergermeeschter huet no 2 Joer gewiesselt. Dësen hat awer net vill Zäit sech anzeliewen, well och hien gouf 2 Joer drop ausgestosch géint e fréiere Minister fir deen d’CSV keng Plaz méi hat, weder an der Regierung nach an hierer Chamberfraktioun.
Eis Gemeng krut demno zanter de läschte Walen, den 3. Buergermeeschter an dee 4. Schäfferot. Niewebäi ass och nach de Vertrieder vun der Biergerinitiative bei d’CSV gewiesselt.
Wien do nach eens geet, virun dem zéie mer den Hutt!
D’CSV beweist eis domadder, datt se sech méi ëm hir eegen Intressien an ëm d’Poste beméit wéi ëm d’Bierger an deenen hir Problemer a Suergen. Dofir geet vun eis e kloeren Appel un d’CSV: Dat Gestreids am Schäfferot an och an der CSV muss direkt ophéieren ! Dir schwaarz Kollegen: Bäisst op d’Zänn, et si just nach knapps 20 Méint bis di nächst Gemengewalen, ech verspriechen äech, mäer Sozialisten wäerten eist Bescht maachen fir äech dann z’erléisen !
Dobäi ass dëst e wichtegen Ament fir eis Gemeng! Sti mer dach net kuerz virun enger méiglecher Fusioun.
Nee, net d’Fusioun vu Bofferding mat Dikkrech, mee d’Fusioun vu Käerjeng mat eiser Nopeschgemeng Kéinzeg. Aus Käerjeng mat bal 8000 a Kënzeg mat knapps 2000 Awunner kënne mer hei am Kordall e wichtegen Zesummeschloss maachen. D’LSAP steet kloer zu dëse Fusiounsgespréicher, schliisslech hu mir gehollef de Steen un d’Rullen ze bréngen. Fir dat nach emol z’ënnersträichen, hu mer eis als 2 LSAP-Sektiounen zesummegedoen fir dëse Kongress z’organiséieren. Mäer wëllen domadde symboliséiren, datt mäer Sozialiste prett sinn fir e Schratt méi wäit ze goen.
Mäer wëllen awer keng Fusioun nëmme fir datt de nächste Buergermeeschter e Vollzäitbuergermeeschter gett.
Mäer wëllen och keng Fusioun fir dem engen oder anere seng politesch Karriär ze relancéieren.
Mäer wëllen och keng Fusioun wëll mer komplexéiert wären par rapport zu deenen anere Gemengen aus dem Kordall.
Mee mäer wëllen eng Fusioun déi den Awunner, dës an déi Säit vum Schack, e reelle Mehrwert bréngt. Dofier solle mer eis di néideg Zäit huelen fir dat ze plangen. Mäer sollen e gemeinsame Projet ausschaffen, d’Politiker, zesumme mat den Awunner. Eng Fusioun mat dem Briecheisen erbäi ze féieren, bréngt kengem eppes.
A senger éischter Usprooch als neie Buergermeeschter huet de Michel Wolter eis vu sénge Visiounen fir Käerjeng verzielt. Den Helmut Schmidt hat emol zum Willy Brandt gesot: Wie Visiounen huet soll bei den Aendokter goen.
Natierlech brauchen brauche mer Visiounen, mäer brauchen awer virun allem konkret Entwécklungskonzepter fir dës Gemeng an dëser Regioun: Wuer gi mer? Wat wëlle mer? Wat fehlt eis ? Wat brauche mer?
Mäer brauche Politiker déi sech ëm d’Wuel vun den Awunner këmmeren a net ëm hier perséinlech Visiounen an hier eege politesch Karriär !
Sou, lo sinn ech menger Roserei e bëssi lass ginn, a wënschen iech am Numm vun all menge Komerode vu Käerjeng a Kënzeg e schéint a gesond neit Joer 2010 an en intressante Kongress. Gidd duerno roueg nach e Patt huelen oder eppes iessen, eis Gemeng huet och méi schéi Saachen ze bidden wéi dës bleche Këscht.
Foto: Isabell Finzi (Tageblatt)







