Interview JSL-Propaganda

1)      Als éischt ganz konkret, firwat mëss du Politik? Wat huet dech dozou beweegt dech politesch ze engagéieren?

- Verschidde Saachen hu mech nach ëmmer revoltéiert, schon an der Schoul. Duerch meng Aarbecht (ech si Gemengebeamten) hunn ech nach vill méi kloer gesinn datt et och an dem räiche Lëtzebuerg vill Misère a vill Ongerechtegkeete get. D’Schülerdemo’en 1998 hu mer gewisen datt et och Jonker get déi net just eng Fauscht an der Täsch maachen, mee déi opstinn an eppes wëlle bewegen. Dat huet mech beandrockt, ech konnt net méi just sëtze bleiwen. Ech sinn du vir d’éischt an d’JSL agetrueden, spéider an d’LSAP.

2)      Firwat kandidéiers du gären fir de Posten vum Generalsekretär? Wat motivéiert dech fir e Schrëtt méi wäit ze goen?

Net eréischt di läscht Chamberwalen hunn eis gewisen datt mer eis als LSAP mussen a Fro stellen. Dobäi geet et net eleng ëm de Fonktionnement vun der Partei oder hier Struktur, et geet vill méi och dorëm firwat eis Partei am 21. Jorhonnert steet. D’Problemer vun haut kënnen net mat Rezepter vu gëschter léisen. Wann een eppes wëll ënneren, da muss een och op däer Plaz si wou d’Knäppercher gedréckt ginn, et muss een eppes ze soen hunn. Op de Generalsekretär kënnt lo virun allem d’Virbereedung vun de Gemengewalen duer. Ech mengen ech hätt do genuch Erfahrung an och di eng oder aner Iddi an der Täsch fir dës wichteg Walen unzegoen.

3)      Am Moment kriss du en Abléck an dës Aarbecht, wéi eng Erausfuerderungen hu sech bis elo gestallt?

Eis Partei ass wéi eng al Tata met hieren ale Gewunneschten. Jideree wees wéi schwéier et ass séng al Gewunneschten opzeginn.

4)      Wat sinn deng grouss Visiounen a wou soll eis Partei hin steieren?

Wien Visiounen huet soll bei den Andokter goen*. Am Eescht: am Ablack stellt jidereen eis d’Fro: solle mer méi no „lénks“ oder méi zur „Mëtt“ ? Ech denken mer missten eigentlech ërem eisem Grondsatzprogramm méi trei bleiwen. Hei steet villes dran. Dëst sollt och eis Regierungs- a Chamberequipp villäit méi dacks eraushuelen an duerchliesen.

5)      Als joerelaangen Generalsekretär vun den JSL konnts du vill Erfahrungen sammelen. Sinn dës Erkenntnisser dir haut nach nëtzlech?

Jo

6)      Hand op d’Häerz, ass d’LSAP nach lénks genuch oder sinn d’Sozialisten méi konservativ ginn?

Dës Fro kënnt ëmmer just dann op wa mer mat der CSV an der Regierung sinn. Ech gesinn d’LSAP lénks vun der Mëtt, lénks vun de Gringen a riets vun de Kommunisten. Eise Problem gett an Zukunft, datt ëmmer méi Leit fir déi mer antrieden hei zu Lëtzebuerg kee Walrecht hunn. Och sollte mer ophalen, just Initiativen fir soug. Randgruppen ze huelen. Mäer musse natierlech fir si astoen, mee als Partei déi den Usproch huet di ganz Gesellschaft wëllen ze vertrieden, musse mer och neess méi kloer Aussoen zu gesamtpolitesche Theme maachen. Hei lafe mer allzedacks der CSV no amplaz et selwer an d’Hand ze huelen.

7)      Wou leien denger Meenung no d’Stäerken vun der LSAP a wat sinn eis Schwächen?

D’Stärkt ass sécher hier vill Memberen an hier Basis. Dat ass am Moment awer och hier Schwächt. Et schéngt mer ëmmer méi schwéier ze ginn eis Memberen ze motivéieren. Do musse mer onbedingt den Hiewel usetzen.

8)       Zum Schluss, ganz kuerz nach deng perséinlech Impressiounen zum Resultat vun de Chamberswahlen?

Ech si nach ëmmer schockéiert datt d’CSV zwee Sëtz zougeluet huet. Dat wëllt einfach net bei mäer an de Kapp eran.

* den Helmut Schmidt zum Willy Brandt, 1980

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine