Gemeng Käerjeng – Budgetssëtzung

budget

Um Enn vun dëser Sëtzung huet de Buergermeeschter Jeannot Halsdorf (CSV) séng Démissioun eragereecht. Ech wëll dës Démissioun net kommentéieren. Fait ass awer datt mer e stännegt Gedeessems hunn zu Käerjeng an der Gemeng. Lo get dat well deen 3. Buergermeeschter an dee 5. Schäffen zanter de Walen 2005. Et giff héich Zäit ginn datt mer eis mol rem mat de Bierger a sénge Problemer befaassen amplaz just mat de Posten am Schäfferot…

Hei meng Ried zum Budget 2010 vun der Gemeng Käerjeng:

Fir d’éischt emol wëll ech hei kloer stellen, datt dës Stellungnahm zum Budget sech baséiert op der Interpretatioun déi mäer an eiser Fraktioun vun dem Budgetsdokument maachen. Ech wëll dat hei däitlech maachen well et fir eis immens schwéier ass den Detail vun den eenzelen Projet’en a Budgetsposten ze kréien.

Dat ass esou gewollt vun de Majoritéitsparteien: bei kengem vun de Projet’en am Ausseruerdentleche Budget gett di politesch Oppositioun an d’Aarbechte mat agebonnen obwuel mer net midd ginn dat ze froen. Informéiert iwwer e Projet gi mer fréistens 5 Deeg virun enger Sëtzung. Dat ass esou wéi d’Gesetz et virgesäit, mee dat erlaabt net ëmmer de kompletten Duerchbléck ze kréien.

Wien dëse Budget mat dem vun zejoerts vergläicht, dee mierkt datt mer aneren Zäiten entgéint ginn.

Vun engem Iwwerschoss vu 1,7 Milliounen Euro am ordinäre Budget si mer erofkomm op knapps 600.000 Euro, also manner wéi d’Halschend.

Datt mer iwwerhaapt nach am uerdentleche Budget d’Änner beienee kréien ass ganz eleng duerch d’Erhéijung vun den Taxen, notamment vun der Waasser an Ofwaassertaxe z’erklären. Dës eleng maachen eng 635.000 Euro zousätzlech Recetten par rapport zu 2009 aus. Wann eng Gemeng finanziell an d’Labrente kënnt, da bleiwen hier u sech 4 Méiglechkeeten:

1° E Grëff an d’Reserven

Mee dat mech ee nëmmen 1 mol. Domadde kann een also net dem Trend vu manner Recetten entgéintwierken dee mer u sech virausgesot kréien.

2° Et mecht een eng Schold

(ech menge mäer wären eis heibannen eens, datt mer am Moment mat 17 Mio nach genuch Schold hunn an dofier déi Méiglechkeet ewech fällt, och well ee keng Schold ka maachen fir séng uerdentlech Ausgaben ze finanzéieren)

3° Et erhéicht een d’Steieren an d’Taxen

Dat maache mer dëst Joer an zwar net ze knapps !

4° Et probéiert een ze spueren

An dat léiw Kollegen, dat maache mer leider net mat dësem Budget.

Och wa verschidde Projet’en wéi de Centre culturel (ech kommen herno nach emol dozou) ewechfalen, sou get awer net bei eisen uerdentlechen Ausgaben gespuert. D’Entretienskäschten, de Gaz, d’Elektrescht vun de Gebeier explodéieren : An de läschte Joren hu sech dës Käschte méi wéi verduebelt. Am Konnt vun 2007 koume mer nach op ongeféier 1,2 Mio Euro, sou si fir d’nächst Joer bal 3 Mio firgesinn!!! (Dat ass, wa mer d’Peien bis erausrechnen [-9,5 Mio], een Drëttel vun eisen Ausgaben!) Dëst as bedingt duerch di nei Infrastrukturen aus der rezenter Vergaangenheet. Déi kaschten eben net nëmmen beim Invest, mee och wa se bis do stinn kaschten se Ënnerhalt. Mat de neie Sportsinfrastrukturen déi geschwë kommen, wäerten dës lafend Käschten nach weider klammen. Mee dorunner denkt jo keen, haaptsaach mäer kréien se nach mat Zäite virun de Gemengewalen ageweiht.

Wat eis wonnert, ass datt mer net erëmfannen wou de Schäfferot am ordinäre Budget wëll spueren.

A grad hei ënnerscheede mer eis vun der Majoritéit.

Et get héich Zäit datt mer ufänken verschidden Ausgaben déi einfach vu Joer zu Joer iwwerdroe ginn endlech mol a Fro stellen: Kënne mäer z.B. selwer als Gemeng net och mol ufänken Energie ze spueren ? Musse mer wierklech fir 45.000 Euro e Freedefeier fir Groussherzogsgebuertsdag maachen oder giff net och mi e klengt Fest duergoen?

Mat dësem Budget gett d’Geleenheet verpasst di eenzel Ausgaben op de Leescht ze huelen. Et wär responsabel gewiescht, eng gesond Mëschung ze fannen fir enger Säits méi Recetten ze generéieren an anersäits ze probéieren eis Dépensen erofzedrécken.

Dës Majoritéit vun CSV-DP a Greng awer, geet eleng bei de Bierger déi Sue sichen déi elo am Budget fehlen.

An de läschte Joren hu mer als LSAP méi wéi eemol gesot, mäer wäre net daccord mat de Prioritéite vun dëser Majoritéit. Dat war esou an ass esou. Elo rächt et sech, datt mer als eenzeg Prioritéit just an d’Sportsinfrastrukturen investéieren amplaz z.B. an anstänneg Raimlechkeete vir eis Rettungsdéngschter.

Dir wësst datt eis Sozialisten virun allem de sozialen Aspekt intresséiert. Och hei ënnerscheede mer eis däitlech vun der Majoritéit.

1.100 Euro muss een op d’mannst bezuelen fir e Quartier mat 2 Schlofkummeren an eiser Gemeng ze lounen (cf. Observatoire de l’habitat). Zéie mer déi vun engem Mindestloun of, da bleift net méi vill. Mee dës Majoritéit fënnt et net fir néideg sech ëm d’Wunnengspolitik ze beméien. Keen eenzege Projet vu sozialem Wunnégsbau ass an de läschte Jore réaliséiert ginn, grad de Conträr ass souguer wouer, vun dene puer Gemengewunnéngen déi mer nach hunn, verlount de Schäfferot der un d’Veräiner. Och fir 2010 ass hei kee Projet an Aussiicht.

Och wat den Emploi ugeet an d’Bekämpfung vum Chômage mécht dës Majoritéit just dat allernéidegst. Zwar hu mer endlech no laangem Streiden nees erëm e CIGL hei zu Käerjeng, mee méi geschidd awer och net: Am Budget steet zanter 2004 en Artikel fir jonk Chômeueren op der Gemeng ze beschäftegen. An dene 6 Joer sinn exact 0 !!! Euro dovunner gebraucht ginn. (obwuel mer fir all 10 Euro di mer giffen ausginn, der 8,5 vum Staat erëmkriiten) Dat ass net ze verstoen!

Wéi gesot héije mer eis Gemengetaxen. Ze spiire kréien dat virun allem di kleng Leit. Fir si, déi d’nächst Joer mussen zerguddst an d’Täsch gräifen, gëtt et KENG zousätzlech sozial Leeschtungen vun der Gemeng par rapport zu 2009.

Ech giff awer gären den Här Buergermeeschter och félicitéieren fir dëse Budget.

Net wëll mer eis politesch Iwwerléungen ginge mat der Majoritéit deelen. De Conträr ass de Fall. Mee mäer giffen him gäre félicitéieren well hien et fäerdeg bréngt, déi Demokratesch an di Greng Partei derzou ze kréien fir dëse Budget ze stëmmen. 

Ech erënneren drun, datt d’DP am Joer 2005 mat engem eenzege Programmpunkt an d’Wale gaang ass, an zwar de Bau vun engem Kulturzentrum. Vun dësem Projet schwätze mer elo zanter iwwer 10 Joer. Zejoerts huet de Schäffen Lentz e Plädoyer gehalen fir datt endlech dee Projet soll réaliséiert ginn, jo wann een him nogelauschtert huet, huet ee gemengt mäer kriiten haut d’Pläng gewisen. Näischt ass geschitt! De Credit de Démarrage fir de Centre culturel get och 2009 net ugepak, grad ewéi di Jore virdrun steet dëse Betrag just dran fir den Här Lentz ze berouegen. Leo, et ass Schued, du gëss all Joers op e Neits vertréischt mat dem Projet. Ech hoffen datts de geschwënn erkenns datt d’CSV iwwerhaapt net drun denkt fir esou e Kulturzentrum ze bauen. Elo wou et finanziell méi enk get, fällt den dote Projet souwisou schon ewech!

Och di Greng Partei muss bei dësem Budget ferm Schlécken! Virun 2 Joer nach stounge Krediter am Budget fir eng „Energiespuerkampagne“. Dëse Kredit ass net ugepak ginn. Op d’Energiespuerkampagne waarde mer nach haut an och dat anert Joer, ëmsoss. Di vun dene Gréngen zu Recht héichgehale net motoriséiert Mobilitéit steet just zur Belustigung am Budget. Fir de „Plan de Déplacement non-motorisés“ waren 2008 an 2009 jeweils 75.000 Euro virgesinn, keen Cent dovunner ass gebraucht ginn. Fir 2010 ass ze fäerten datt et genee esou virugeet. Déi Gréng ginge sech wënschen wa mer verstärkt op ereneierbar Energie setzen. Mee eis Gemeng ass ze knéckeg fir de Novanaturstroum ze kafen.

Jo, och di Greng musse sech froen: wéi gréng ass dëse Budget iwwerhaapt ?

Dëse Budget ass net gréng och net blo en ass virun allem schwaarz.

Et get och eenzel gutt Elementer an dem Budget mee no all deenen Iwwerléunge déi ech äech lo virgeluet hunn, kënne mäer Sozialisten weder de Rectifié 2009 nach de Budget 2010 matstëmmen.

 

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine