De Benevolat ass d’Réckgrad vun eiser Gesellschaft

benvol

Net nëmmen am Veräinsliewen spillt d’Bénévolat eng wichteg Roll, mee och an der Gesellschaft insgesamt. D’éirenamtlecht Engagement am Déngscht vun eise Matbierger ass dofir mat Geld eleng net opzeweien. Et baut op der Solidaritéit tëschent de Mënschen op, an ass deemno e wichtege Bestanddeel vun der sozialer Kohäsioun.

D’Solidaritéit ass grad elo eng absolut Viraussetzung, fir de gesellschaftlechen Zesummenhalt z’assuréieren. Dofir brauche mäer och e gudde Kader, an deem de Benevolat kann evoluéieren.

De Projet de loi iwwert d’ASBL’en a Stëftungen, deen den fréiere Justizminister Frieden kuerz no de Parlamentswahlen an der Chamber deponéiert huet, dréit dësem Constat net genuch Rechnung.

Dëse Projet muss dofir nogebessert ginn.

D’Kritik vun de betraffenen Organisatiounen ass eescht ze huelen, wëll si um Terräin schaffen a genau wëssen, wou de Schong dréckt.

Wann 20 Asscoiatiounen – dorënner den OGB-L, d’ASTI, d’UGDA an de Mouvement écologique – fäerten, datt de Projet de loi riskéiert, den Asbl’en nach méi Aarbecht opzeléen an domat dat éirenamtlecht Engagement z’ënnergruewen, da muss d’Politik reagéieren.

D’Kritiker werfen dem Gesetzesprojet zu Recht vir, datt de Bénévolat doran net genuch gewierdegt gëtt. Den onbezuelten Asaatz am Déngscht vun eise Matbierger misst um steierleche Plang honoréiert ginn, soen se a fuerderen d’Aféierung vun engem „Congé associatif“.

Och d’LSAP trëtt konsequent fir d’Fërderen vum Bénévolat an.

Fir s’Sozialisten ass di aktiv Bedeelegung vu Bierger u gemengnëtzegen Aktivitéiten eng wesentlech Viraussetzug fir e Gemeng- a Sozialwiese, dat gutt funktionéiert.

Als Partei, déi sech konsequent fir de soziale Fortschrëtt am Land asetzt, ass et dofir kloer, datt mir no um Bierger wëlle sinn, fir do ze hëllefen, wou d’Hëllef am meeschte gebraucht gëtt.

Dat gëllt ganz besonnesch fir eist d’Rettungswiesen, dat gëllt awer genee sou fir déi sëlleche sozial Déngschtleeschtungen, vun deenen, an engem grousse Mooss, déi Schwaach an eiser Gesellschaft profitéieren.

D’LSAP ass iwwerzeegt, datt mir alles musse maache, fir den éirenamtlechen Engagement ze fërderen an z’ënnerstetzen.

Et gëtt ëmmer méi schwéier Leit ze motivéieren, fir sech am Beräich vum Bénévolat z’engagéieren. Zousätzlech Laaschten an Hemmnisser, wéi dee genannten Projet de loi se virgesäit, sinn an deem Zesummenhang kontraproduktiv. Dofir begréisst d’LSAP d’Bereedschaft vun der Regierung, den Text zréckzezéien a nach eng Kéier z’iwwerschaffen.

An deem Zesummenhang stellt sech och d’Fro, ob een d’Asbl’en am Text net vun de Stëftunge soll trennen. Virun allem awer muss kloer sinn, datt e neit Gesetz de Bénévolat ënnerstëtze muss.

Mäer mussen de Leit dobaussen e kloert Signal ginn, datt si all gebraucht ginn, fir de sozialen Zesummenhalt an eiser Gesellschaft z’assuréieren. D’Aféierung vu Chèques-service a Gratis-Fortbildungsméiglechkeete fir Leit, déi sech éirenamtlech engagéieren, wäeren do e Schrëtt an déi richteg Richtung.

Doriwwer eraus sollte mer de Bénévolen déi gesellschaftlech Unerkennung ginn, déi se verdéngen.

Mäer alleguerte brauchen si an dofer brauche si eis voll Ënnerstëtzung.

(Am kader vun der fräier politescher Tribün op RTL an 100komma7)

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine