LSAP: Yves Cruchten neie provisoresche Generalsekretär
RTL – 13.11.2009, 08:03 – Fir d’lescht aktualiséiert: 13.11.2009, 08:24
“D’LSAP kritt een neie provisoresche Generalsekretär an der Persoun vum Yves Cruchten. Dat mellt d’Tageblatt. Hie léist domat de Romain Schneider of, dee jo an der Regierung sëtzt. Den Yves Cruchten mécht den Interim bis de Mäerz d’nächst Joer. Den Yves Cruchten ass den Ament och Vize-President vun der Partei.”
Merci all denen di mech ënnerstetz(t)(en) (hunn) ! Et get nawell vill ze dinn an eiser Partei an dat geet net eleng. Wa mer awer all eng Hand mat upaken, da komme mer eisem Ziel vun enger méi gerechter, solidarescher, fräier an toleranter Gesellschaft e gudd Stéck méi no !








