Piraten zu Lëtzebuerg

les_pirates

Iergendwéi mussen di lescht Woch am Merterter Hafen d’Piraten geland sinn… an ‘t krut keen et mat… Dach, op hierem Internetsite www.piratepartei.lu kënnegen si d’Grënnung vun hierer Partei un.  Fir déi di et nët wësse sollten d’Piratepartei huet hieren Ursprong a Schweden wou se bei de leschten Europawalen souguer e Sëtz krut, de Christian Engström deen sech awer entretemps schon un di Gréng Fraktioun am Europarlament ugeschloss huet. Ziel vun der Partei ass u sech haaptsächlech dofier staark ze maachen datt Filesharing um Internet net stroofbar ass. (Di aner Zieler Schutz vun de Bierger a  soug. Freiheetsrechter deelen si mat anere “lénke” Parteien)

Et dierf een also gespaant sinn wat d’Piraten zu Lëtzebuerg fuerderen, souwäit ech weess si mer nämlech hei zu Lëtzebuerg, wat notamment d’Droits d’auteur’en ugeet nach ëmmer zimlech large am Verglach mat aneren europäesche Länner. Mee bon villäit ass et jo och just de Wëllen eng Partei ze grënnen fir eng Partei ze grënnen. (ass nämlech méi cool e Pirat ze sinn wéi e Gréngen, Rouden, Bloen oder Schwaarzen).

Wann et dozou bäidréit datt méi Jonker sech fir d’Politik intresséieren a matdiskutéieren ass dat och ok.

Mee opgepasst ! Et get och eng Gefor bei däer Saach egal wéi sympatesch datt een di Initiativ fënnd. De Manuel Huss huet dat zimlech treffend a séngem Artikel “d’Pirate kommen” formuléiert:

Zu Lëtzebuerg brauch ee fir e Mandat am Europaparlament ze kréien em déi 11% vun de Stemmen. Ech woe mol ze behaapten, datt dat e relativ onrealistescht Ziel fir eng nei gegrënnten 1-Punkt Partei mat klenger Fanggemeinschaft ass. Se dierften also – wann da näischt Sensationelles passéiert – kee Setz am Europaparlament kréien. Wat se awer maachen: se setze sech an direkt Konkurrenz zu deene Parteien, déi (ënnert anerem) déi selwecht oder ähnlech politesch Fuerderungen an deem 1-Punkt-Beräich haut schon stellen. Dat si wuel virun allem déi Gréng (déi am Europaparlament jo och de schwedesche Pirat an hir Fraktioun opgeholl hunn), hei zu Lëtzebuerg wahrscheinlech awer och déi Lénk, an eventuell usazweis d’LSAP. Deene rietse Parteien dierfte se eigentlech kaum Stemmen ofhuelen. D’Resultat dierft bei de nächsten Europawahlen also dat sinn, dat si – wa se sech geschéckt uleeën -  e puer % kréien, déi awer fir e Setz bei wäitem net duerginn, gläichzäiteg hunn déi Gréng an déi Lénk déi Stemme manner a riskéieren hire Setz ze verléieren bzw. keen ze kréien (pessimisteschsten Szenario). Dee Moment wieren d’Piraten an d’Renne gaang, fir eng bestëmmte Politik ze stäerken, areecht hätten se – reng mat Bléck op Lëtzebuerg – genee de Konträr, nämlech datt hir Fuerderungen guer net méi ausgeschwat ginn. (manuelhuss.wordpress.org)

Ech hoffen mol datt sech d’Piraten dees och bewosst sinn… (net datt mer geschwënn just nach CSV Europadeputéierten hunn…)



Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments (1)

 

  1. Patrick says:

    Och wann ech dem Manuel gären Recht ginn, sou well ech awer drun erënneren, dass och déi gréng als “one issue” Partei ugefangen hunn an, dass och déi gréng fréier emol bëssi méi, naja soe mer emol, ideologesch veranlagt waren. Och wann d’Realos haut vläit d’Iwwerhand hunn, d’Müslis sinn na ëmmer do.

    Et kann och ganz gutt sinn, dass aner Parteien ähnlech Punkten vertrieden, mä d’Grënnung vun der Piratepartei léisst dorobber hindeiten, dass déi Interessi vun den bestoenden Parteien net gutt genuch no baussen vertrueden goufen oder eben mat aneren Usiichten a Konflikt stinn.

    Natierlech gefällt et kenger Partei, wann se potentiell Konkurrenz gemeet kritt, mä dat kann an engem och ee gudden Usporn sinn, déi Punkten méi seriö ze huelen.

    By the way, an Punkto Copyright an Datenschutz huet och d’LSAP nach e puer Hausaufgaben ze man :)

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine