Zur SPD Défaite
Natierlech däerf et kee Sozialist (och mech net) fréen wann d’SPD iwwer 10% vun hiere Stëmmen verléiert. An dach, iergendwéi war ech gëschter net enttäuscht vun de Walen an Däitschland. Dës “batter” Défaite war wahrscheinlech néideg fir datt sech d’SPD nees kann erneieren, hiert Profil schärfen (wat och ëmmer dat heescht). Ech ka mer net virstellen datt et der SPD besser gaange wär wa se di nächst 5 Joer nach emol mat der CDU/CSU an enger Kolatioun gesiess hätt. Elo ka si neie Wand an hier Seegele kréien, dofier mussen awer Brécke geschloe ginn mam Rescht vun der Oppositioun, mam ganze Rescht!
Solidaritéit ass an der Krise net gefrot !
Virun engem Joer nach hätt ech fest behaapt datt d’Sozialisten giffen am meeschte politescht Kapital aus en enger grousser Wirtschaftskrise zéien (sou war et eben an der Vergaangenheet). Haut ass et net méi esou. Solidaritéit ass an der Krise net gefrot ! Wann et mi schlecht geet, dann zielt net méi d’Allgemengheet, mee just nach den Eenzelnen. Manner Steiere weg ! Manner Staat weg ! Wéi ass dat z’erklären ? Zemoolst an de “westlechen Industrielänner” ass de Liewensstandard vun der grousser Majoritéit relativ héich, wat villäit an de Krisen virdrun net sou war. Do kënnt villäit bei villen an der soug. Mëttelschischt de Reflex, dat wëllen ze behalen wat een huet, den eventuelle Verloscht rem vum Staat zréckzefuerderen… D’Gauche wielen, dogéint, ging bedeiten, datt och d’Mëttelschischt bei der “Ëmverdeelung” op e bessi misst verzichten fir denen “ganz Ënnen” ënnert d’”Ärm ze gräifen”… Hei gesinn ech kloer Paralellen tëschend Däitschland a Lëtzebuerg. U sech ass et jo der Gauche ze verdanken, datt mer sou eng grouss Mëttelschicht hunn. Dës Mëttelschicht dréint däer selweschter Gauche awer elo de Réck. D’Gauche gett deemno Affer vun hierem Erfolleg ? Wann dës Theorie stëmmt, da ging och e “linksrutsch” vun de Sozialisteschen a Sozialdemokratesche Parteien an Europa eleng net vill bewierken. Wann sech d’Sozialiste (oder di ganz Gauche) wëlle nei positionnéieren, da muss sie net nëmmen d’Partei vun den Arbeitnehmer sinn, mee virun allem rem de Fortschrëtt verkierperen. Et gëllt deemno fir d’Sozialisten di wichteg Themen wéi Ëmwelt an Energie, Aarbecht a Sozialwiesen (Stéchwuert Pensiounen!) grad ewéi all di aner wichteg Zukunftsfroen ze besetzen. Geschidd dat net, da wäert di ganz politesch Lénk nach sauer Zäiten erliewen…
Comments (6)









Ech gesin dat och esou. Ech hoffe just, datt d’SPD d’Chance, sech nei ze erfannen, och wierklech notzt. Wann ech de Münte gescht am ADR Interview héieren hunn, da sinn ech schon a priori skeptesch. Der Fro nom zukünftege Verhältnis zur Linke, déi de Moderator 3 mol hannerteneen gestalt huet, ass de Münte 3 mol op relativ onelegant Art a Weis aus dem Wee gaang.
Beim Anne Will huet dono den Egon Bahr och stänneg gemengt, datt alles just der Linke hir Schold wier, datt d’Linke sech op d’SPD zoubewege misst, an d’SPD usech guer näischt misst. Dat sinn och ganz kloer déi falsch Signaler.
Wann do net och e puer Käpp rullen, da wärt sech guer näischt änneren, well d’Leit Münte a Co onweigerlech mat de Schröder Nowéien a Verbindung bréngen, an dat wellen se net méi.
Ech denken, datt niewt enger programmatescher Erneierung och eng personell Erneierung muss kommen, dat well awer net heeschen datt di ganz Féierung muss ersat ginn, mee mam Müntefering kritt d’SPD et schwéier no baussen eng Erneierung ze weisen…
Salut Yves,
du schreifs ass Solidarteit an der Krise net mei gefroot, dach mei wei je, mais d’Decissiounen dei geholl gin mussen dat dat awer och Refekteieren an net wei an Daitschland dass den Müntefering sengen Schaffenden Leit matdeelt dat se bis 67 mussen schaffen go’en.
Genau sou den Fait dat et an Daitschland Leit get dei schaffen gin an troztdem mussen Harz 4 fro’en well se 3mol naicht fir hier Aarbecht bezuehlt kreien an dat alles an denen 11 Joer wou eng SPD Regierungsverantwortung mat getroen huet.
Sou Politesch Decissiounen briechen den Sozialisten (Sozialdemokraten) Geneck, well hier Wähler dat net verstinn an och net zu hierem bäschten ass.(Sou Informatiounen beanflossen och Wiehler hei am Land) Sou Faits plus den Schwund vun der Stammwählerschaft an well sech Kanner vun den Aarbechter wann se bis heier schoulen gemaach hun ganz oft vergiesen aus wat fir enger Schicht se kommen an wien hinnen dat ermeiglecht huet.
dann kommen resultater wei elo an Daitschland oder den stettet schrumpfen vun enger LSAP an denen läschten 20 Joer hei zou Letzebuerg.
An wat och net gudd ass, ass den Profil vun eiser Partei, an hieren Memberen, do kannst de Leit huelen an se unisoso an eng anner Partei stiechen dat geif net opfallen well ganz vill vun eisen Leit (den Süden mol ausgehol) keen Sozialdemokrateschen Background hun an och net vun der Partei vermettelt kreien.
Freier waren haaten eis Leit Ecken an Kanten un denen sech den Politesche Geigner konnt reiwen an den Wiehler konnt orienteiren, an eiser heuteger sou op Konsens a Médiation fixierter Gesellschaft fennt een keen mei sou well se alleguerten keng Kanten an Ecker mei hun, fir gewiehlt ze gin muss ech everybody’s darling sin……..
Dat kann net de Wee sin, fir eppes ze erreechen muss gekämpft gin Fir ze kämpfen brauch den (Partei)zaldot eng Ausbildung, seng Waffen an Munitioun, dat klengt elo net pazifistesch, mais ouni den Neidegen Bagage kanst de och haut keng Wahlschlacht gewannen, eng Publiciteitsagence get net duer.
Mat bäschten Greiss
Arsène
…do ewei an letzebuerg brauchen d’sozialisten en fröschen wand wou matt ierzeejung drunn geduet gött an welcher partei een iwerhaapt ass an wou och un d’fundament geduet gött…an daitschland haat sech och nach eng arroganz an borneiertheet an d’partei erangeschlach…et gött mer awer och schlecht wann ech deen aalglaaten westerwelle gesinn an heieren…mol kucken wou et hinn gëtt…viellaicht bleiwt alles d’selwecht…
…
@arsène: dozou ass näischt méi bäizeflécken…
@théo: ech hoffen datt op d’mannst d’Ënnerscheeder Riets-Lénks neess méi däitlech ginn…
Salut Yves,
ech hunn hei éischter een niewensächlechen Virschlag ze machen, och wanns de mech elo un d’LW an hier “Klack” verweise wärs….mee nenn eng “Défaite” einfach “Nidderlag”. Kléngt dach vill méi “pieds à terre”, nee?
MbG
Steven