Krunnewaasser vs Mineralwaasser
Um Internetsite www.drenkwaasser.lu kritt een zimlech vill nëtzlech Informatiounen zu eisem Krunnewaasser: wou kënnt et hier ? wéi get et kontrolléiert ? wéi get et verdeelt ? (Den Ament kann een souguer bei engem Concours matmaachen an e Joer laang séng Waasserconsommatioun gewannen). Et ass e nëtzleche Site mat gudden Informatiounen. Déi di mech e bessi besser kennen, wëssen datt ech ëmmer all Mënsch op d’Nerve ginn wann ech mech driwwer opreegen datt am Restaurant San Pellegrino op den Dësch kënnt. Op dem Site www.drenkwaasser.lu steet geschriwwen datt eng Fläsch Waasser an der Moyenne 300 km hannert sech huet iert se opgemeet get. Ech hu gemengt, et wier mol intressant d’Distanzen erauszefannen dat eist Fläschewaasser mecht iert mer et drénken:
Vittel 240 Km
Hépar 420 Km
Vichy 590 Km
Volvic 670 Km
San Pellegrino 770 km
am Verglach mat Rousport, Viva oder Bierkerecher Waasser (20, 30, villäit 40 Km) misst dach jidereen sech d’Fro stellen: “Ass et wierklech sou e groussen Ënnerscheed am Goût, datt ech muss eng Fläsch Waasser per Camion duerch ganz Europa gefouert kréien?” Zemoolst di Leit di sech am Summer opreegen wann se an der Schwäitz am Stau stinn sollte villäit emol all di Camion’en zielen di S. Pellegrino drop stoen hunn…
Natierlech kënne mer kengem verbidden dat ze kafen wat e wëll/brauch. Mee Tatsaach ass einfach datt den Transport an Europa, an an der Welt einfach ze bëlleg ass, soss giff et sech dach iwwerhaapt net lounen “Waasser” duerch d’ganz Welt ze verschécken…
PS: hei sief och gesot, datt eist Krunnewaasser och e ganz gudd Drénkwaasser ass…!
(cf. www.drenkwaasser.lu)
Comments (31)

Ech hun souwisou nach nie verstaanen firwat dass d'Leit hei zu Lëtzebuerg iwwerhaapt mengen sie missten Mineralwaasser drénken…
flotten site…gudd gemach…
Gët ët Krunnewaasser och matt Sprudel dran?
Krunnewaaser kann een och mat Spruddel drenken et brauch ee just en deemenspriechenden Apparat … De SEBES huet do e Pilot-Projet mat Krunnewasser a Schoulen am Norden vum Land laafen …
an waat ass dann dran? get een daat och gewuer opdeem site? Fluor zu Letzebuerg? jo/nee?
Et get e RGD deen d'Gemenge verpflicht hier Waasserprouwen ze publizéieren. En plus hues du d'Recht zu all Moment vum joer op deng Gemeng ze goen an ze froen eng Copie vun de läschten Analysen ze gesinn !
Daat heiert sech jo gudd un! Mee meng Fro waar am Fong: Get Fluor an d'Drenkwaasser zougefuegt oder net zu L?
http://fr.wikipedia.org/wiki/Ion_fluorure
Waat am Krunnewaasser dran ass, hänkt dovun oof op et Quellen oder SEBES-Waasser ass. Quellewaasser huet méi Kalek an ass méi "haard". SEBES-Waasser ass méi douce well et opbereeten Iewerfläche-waasser ass (Sauer). Hei am Land get dem Drenkwaasser näischt künstlech zougemescht, ausser Chlor aus präventive Zwecker. Chlor verflitt awer ganz schnell a wann een d'Waasser an eng Carafe fëllt, 10 min stoe léisst, schmaacht a richt een den eventuel héiche Chlor-Gehalt net méi …
Souwäit ech wees get d'Iwwerflächewaasser (Stauséi) mat Chlore an Ozon(?) traitéiert wéinst de Bactérien, vum Fluor wees ech näischt… op eisen Analysen (Gemeng Stengefort) ass och kee Fluorwäert drop…. mee ech menge mäer kréien haaptsächlech Drénkwaasser vu Quellen (SES)…
Daat stemmt Yves, an den SES-Gemengen ass haaptsächlech Quelle-Waasser an der LEitung mat engem Deel SEBES-Waasser.
Merci Expert !
Merci fir den Expert …
Kann een d'Waaser am Staatslabo testen loossen als Bierger? Majo dann gleewen ech emol den Expert'en an drenken weider mein gesond Escher Krunnewaaser!
fir déi déi mei Infoen wellen iwert WaasserFluorisatioun déi net an all Land an d'Drenkwaaser beigefuegt gët hei e link!!!!!http://www.youtube.com/watch?v=pR8qCeZ8Txk

Et kann een eng Analyse am Labo vun der Administration de la Gestion de l'Eau maache loossen. Dese Labo ass op der selwechter aktuelle Adress wéi de Staatslabo …Ech froen mol de Chef vum Labo waat hien zu der Fluor-Saach seet. Mär ass esou eppes hei zu Lëtzebuerg op alle Fall net bekannt…
Krunnewaaser kann een och mat Spruddel drenken et brauch ee just en deemenspriechenden Apparat … De SEBES huet do e Pilot-Projet mat Krunnewasser a Schoulen am Norden vum Land laafen …
Merci Yves fir deng Publicitéit …