Eng « aner » rentrée

radio(Fräi politesch Tribün op RTL an 100,7 vum 21.9.2009)

Mëtt September gëtt heizuland, sou wëll et d’Traditioun, d’Rentrée agelout. Do wär natierlech fir d’éischt emol d’rentrée an der Schoul. Dat neit Gesetz wat de fréiere Spill- a Primärschoulunterricht reforméiert, trëtt elo endlech a Kraaft. Sëlleche Neierungen an der Bewertung vun de Kanner, nei pädagogesch Konzepter stellen d’Kanner, d’Elteren an d’Léierpersonal viru grouss Erausfuerderungen. Virun allem de Schoulmeeschter a Léierinnen solle mer vill Courage wënschen, läit dach d’Ëmsetzung vum neie Gesetz zu engem groussen Deel op hiere Schëlleren.

Et ass demno sécherlech net eng Rentrée wéi déi Joere virdrun an eise Schoulen.

D’Vakanz ass eriwwer. Net nëmmen an der Schoul. De Nomëtteg op der Plage an den Apéro op der Terrass si nach just gudd Erënnerungen. Fir vill Leit ass et dëst Joer keng Rentrée ewéi di aner. Stinn dach eng Partie Betrieber viru grousse Problemer. Hei an do gi Plazen ofgebaut a nei Posten ginn der manner geschaaf. Déi di an de läschte Méint hier Schaff verluer hunn sollte mer net just domadde vertréischten datt et geschwë wäert besser goen, wann eis Wirtschaft nees dréint. Si brauchen eis Solidaritéit a Perspektiven.

Domadde wäere mer bei der Politik. Och sie feiert am September hier Rentrée. Dobäi steet dëst Joer och d’Politik viru grousse Chantercher : de Staatsdefizit klëmmt a klëmmt, zesumme mat eiser Verschëldung an et gëllt sech Gedanken ze maachen wéi mer den Deséquiliber am Budget nees an de Grëff kréien. Spéidstens elo wäerten all d’Politiker, ob Majoritéit oder Oppositioun, erkannt hunn datt et an de nächste 5 Joer net wäert drëms goen, wéi mer den Iwwerschoss bei de Staatsrecetten ënnert de Leit verdeelt kréien. Nee, et wäert vill méi drëms goen wéi mer besser mam Staat séngen Ausgaben ëmginn. D’LSAP wäert op alle Fall dofier suergen, datt d’Sozialtransfert’en virun allem do ukomme wou se am Meeschte gebraucht ginn. Dëst ass dat Verspriechen wat d’Sozialisten sech selwer an och de Lëtzebuerger op hierem leschte Kongress gemeet hunn.

Di europapolitesch Rentrée huet fir vill Leit mat enger batterer Enttäuschung ugefaangen. Mat der Confirmatioun vum konservative Manuel Barroso un der Spëtzt vun der Kommissioun ass et verpasst ginn en Zeechen ze setzen, datt mer Lektiounen aus der Krise gezunn hunn a politesch ëmdenken. Et däerf een awer net vergiessen datt de Wieler schlussendlech, de 7. Juni a ganz villen europäesche Länner, an och zu Lëtzebuerg di konservativ Parteie gestärkt huet. Déi di sech wierklech fir e méi e sozialt, solidarescht a gerecht Europa asetzen bleiwen och di nächst 5 Joer just 2. resp. 3. Kraaft.

Dëst wërft wichteg Froen op, déi d’LSAP probéiert huet op hierer Summerakademie dëse Weekend ze beäntweren. « Wat fir eng Zukunft fir d’Sozialdemokratie ?» Dësen Titel soll net nëmmen zu enger Bestandsopnahm féieren mee virun allem ass et eng Opfuerderung un d’LSAP a villäicht souguer un di ganz Gauche, nees ze weisen, datt sie d’Gesellschaft verännere wëll.

D’Rentrée 2009 ass demno net eng Rentrée wéi all di aner.

Be Sociable, Share!

Comments (2)

 

  1. Manuel says:

    “« Wat fir eng Zukunft fir d’Sozialdemokratie ?» Dësen Titel soll net nëmmen zu enger Bestandsopnahm féieren mee virun allem ass et eng Opfuerderung un d’LSAP a villäicht souguer un di ganz Gauche, nees ze weisen, datt sie d’Gesellschaft verännere wëll.”

    Dat klengt gutt. Wat ass dann mat Bléck op d’Welt veränneren konkret op ärer Akademie eraus komm?

  2. Majo, vu 9-12 hu mer d’Sozialdemokratie gerett a nom Mëttegiessen den Honger an der Welt, de Krich an d’Diskriminéierungen ofgeschaf…. 😉

    (Am Eescht: ech huelen unn datt et schrëftlech Rapport’en wäerte ginn, di kanns de gäre vu mer kréien wann ech se bis hunn)

Leave a Reply


This site uses WP based on theme Le@nmagazine