Defizit…

deficitDe Staat kritt Problemer di zwee Enner beieneen ze kréien. Verschidde Schätzungen gi vun engem gesamt Defizit vun den ëffentleche Finanzen vun 1 bis 1,5 Milliarden aus (verschiddener gesinn esouguer 2 Milliarden am nächste Joer). Do däerf een sech natierlech froen wéi dat Lach ka gestoppt ginn. Op RTL hu se gëschter eng Rumeur verbreed wéi wann de Staatsbeamten hieren 13. Mount eventuell misst hierhalen. (Wéi den RTL un dës Informatioun kënnt hunn se eis net gesot, ech hunn op alle Fall fir d’éischt um Radio dovunner héieren…) Dofier hunn ech mol am Budget nogekuckt wat dat da ging aspueren (wierklech ganz graff geschätzt!):

Cumuléiert Gehälter vu Staatsbeamten, Privatbeamten an Aarbechter beim Staat kommen op 1,5 Milliarden Euro.

Deelt een dës Zomme duerch 13, sou kéinten ongeféier 118 Milliounen Euro gespuert ginn. (hei feelen awer nach d’Gemengebeamten)

Do si mer also nach wäit ewech vun denen 1,5 Milliarden di fehlen…

Aner Berechnungen:

Wa mer d’TVA ëm 1% an d’Luucht setzen kéinten ongeféier 130 Milliounen weider erkommen (falls de Konsum dann d’selwescht bleiwt…)
Wa mer d’Solidaritéitssteier vun 1,4 op 2,4% héijen, da wären dat ongeféier 42 Millioune bei de Salarié’en an 41 Milliounen bei de Betrieber.

Dat geet also alles nach laang net duer fir dat Lach ze fëllen…

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments (5)

 

  1. Anonymous says:

    …elo awer keng entschöllejungen eiert et un gëtt fier datt den papa staat bei seng kanner an d'spuerbecks kann graifen…d'tata bank an den monni firma sollen fier d'eischt hier scholden zereckbezuelen an plaaz weider fiesta ze feieren…

  2. Anonymous says:

    :-) gudd monni theo

  3. Theo Johanns says:

    …elo awer keng entschöllejungen eiert et un gëtt fier datt den papa staat bei seng kanner an d'spuerbecks kann graifen…d'tata bank an den monni firma sollen fier d'eischt hier scholden zereckbezuelen an plaaz weider fiesta ze feieren…

  4. :-) gudd monni theo

  5. PS: och aus dem Budget 2009: Traitement des Ministres des Cultes: 22 Mio

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine