Procès d’intention

Ok, et ass kloer datt d’LSAP bei enger eventueller Regierungsbedeelegung net alles kann duerchsetzen wat se an hierem Programm stoen huet. Ok, d’LSAP zielt bei de leschte Walen zu de Verléirer. Ok, et ass och gewosst, datt an der Vergaangenheet de Partner vun der CSV an der Regierung all Kéiers am meeschte Plommen huet misse loossen bei de nächste Walen.

Wat mech awer frappéiert, ass datt elo well schéngt kloer ze sinn, datt d’LSAP soll bei d’Lisette gelooss ginn:

Op RTL.lu ass eng Ëmfro déi freed (méi Tendentiéis geet et jo bal net!):

Den Dënschdeg, 16. Juni hunn d’Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV (26 Sëtz) an LSAP (13 Sëtz) ugefaang. Mengt Dir, datt d’Sozialisten dem Accord och hire Stempel opdrécke kënnen?
Jo, och mat just hallef esou vill Sëtz kritt d’LSAP sech a wichtege Punkten duerchgesat. An d’CSV wëll jo “fair” sinn.
Nee, d’LSAP huet géint esou eng ecrasant Majoritéit guer keng Chance – Stéchwuert CSV-Stat …
Ech denken net, datt sech par rapport zu der leschter Koalitioun vill wäert änneren.

Am Tageblatt ass folgend Karikatur ze gesinn:

Den OGBL-Präsident mengt am Tageblatt:

Warnung an die LSAP: die LSAP müsse wissen, „dass wir keine Rücksicht nehmen werden, wenn Maßnahmen sich gegen den Sozialstaat richten“. „Wenn es in die Richtung gehen sollte, hätte sie besser, nicht in eine solche Koalition zu gehen, wenn sie nicht ihre Zukunft verspielen will“, gibt Reding der LSAP mit auf den Weg.

D’Lëtzebuerger Land wees anscheinend och schon wéi d’Walen 2014 ausginn:

“…Ganz bestimmt aber wird die LSAP bei den nächsten Wahlen für alles bestraft werden, was eine neue schwarz-rote Regierung bis 2014 an sozialpolitischen Zumutungen entscheidet. …”

Et schéngt also elo scho kloer ze sinn, datt d’LSAP sech net kann duerchsetzen bei de Koalitiounsverhandlungen. Et schéngt elo scho kloer ze sinn, datt d’LSAP wäert de Sozialstaat “kappen”. Et schéngt elo scho kloer ze sinn, datt d’LSAP wäert di nächst Wale verléieren… Dobäi hunn di eigentlech Verhandlungen dach nach net richteg ugefaangen ? Get hei net onfäirerweis der LSAP e “procès d’intention” gemaach ?

Huet et iwwerhaapt nach e Wäert fir mat der CSV ze verhandelen, der Presse no, sinn d’Wierfelen dach well all gefall….?

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments (8)

 

  1. gg says:

    Gudd gesin! ;-)

  2. Manuel says:

    Bein ech mengen et leit un der LSAP, de Konträr ze beweisen. Dir hudd jo awer trotzdem eng staark Verhandlungspositioun.

  3. Tom says:

    Positioun vun dem OGBL scheint mer onmeiglech
    fir t’eischt heiert en näischt vun hinnen an vun hirem Blad während de Wahlen an no de Wahlen kritt en nach e messer an de Reck
    Wei wäer dan eng Ausso am genre:mir ennerstetzen d’LSAP wann et op e Konflikt mat der CSV ukennt a Sache Sozialrecht?!do sti mir hanner eise Leit!
    dat wäer jo awer besser wei di beleidegt Liewerwurscht ze spillen an e roude Strech(kee Fuedem) ze zeien.
    et mengt e bal, den OGBL an hir Presse wäre frou dat mer verluer hun an mir solle nach verleiren.
    Zu wem sengem Profit?net vun denen di schaffen op alle Fall

  4. Dat stëmmt Manuel, mee duerch verschidde Leitartikel, Karrikaturen, Ëmfroen etc,… gett dës Positioun ne onbedéngt méi staark… éischter de Conträr….
    Ech ziele net zu denen di mordicus gären hätten datt mer an d’Regierung antrieden. Ech giff gären de Programm gesinn op deen sech geeenegt get. Am Virfeld alles ze condamnéieren ass awer net onbedéngt eng Hëllëf, op alle Fall net fir d’Gauche.

  5. Tom, ech verstinn dat éierlech gesot och net…. Bei de “Pafen” gett wéinstens zesummegehalen, zemoolst wann et Eescht ass, bei eis gi sech ëmmer d’Käpp ageschloen… wiem ass domadde gedéngt ?

  6. stonecold says:

    de Problem vun der LSAP ass ganz einfach dee vun de Kompetenzen. Dat schmaacht vläit lo kengem sou direkt, mä ouni zolitt Unisausbildung kann een net an der Politik op laang Dauer bestoen. D’Theorie vum einfachen Aarbechter, dee Minster gëtt an dann alles richteg mécht, halen ech an der heiteger Zäit fir komplette Brach. D’Chamber sollt d’Regierung kontrolléieren, mä wann ee gesäit, wien do alles rondrëmturnt (och bei der CSV, DP, Gring, ADR…) , allez, allez, wann d’LSAP gär nach zeriö geholl gëtt, da soll se den “A” aus dem Logo raushuelen. An den Här Durlet aus dem Tageblatt soll eng Zeitung opman, déi sech nennt “die ewig gestrigen”

  7. Joël says:

    Et ass awer nunemol esou, dat d’LSAP an denen leschten 5 Joer zesummen mat der CSV massive Sozialofbau bedriwen huet (cf. 5611), mir nach emmer keng Trennung vu Kierch an Staat hunn an fir Schüler a Studenten den öffentlechen Transport esouguer méi déier ginn ass! (45 op 50 €, net vill, mä wait wech vu gratis!) Vlaischt soll d’LSAP einfach mat der CSV fusionéiren? Dann klappt et och mat de Medien…

  8. Allez Allez ! Hal op mat dem “massive Sozialofbau”, grad déi di et am néidegsten hunn kruten an der läschter Legislaturperiod gehollef (Kannerbonus, Adaptatioun vun der Steiertabelle, Statut Unique asw…) ! Iwwer de 5611 kënne mer streiden, do sinn ech mat de Mesuren am Volet Emploi och net daccord, mee dee “massive Sozialofbau”, dee muss de mer mol nach weisen !

    Zu denen aneren Sujet’en: Trennung Kierch a Stat, grad ewéi Gratis ë.T. muss ech leider soen: sou laang d’CSV bal 40% vun de Stëmm kritt, ass hei net vill z’erwaarden…, leider !

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine