Walresultater
Als éischt mol: Villmools Merci un all déi leit di mech a méng Partei ënnerstëtzt hunn! Speziell dene Käerjenger Leit e grousse Merci fir dat formidabelt Resultat. Dat mecht Mutt fir d’Gemengewalen 2011 !!!
Perséinleche Score: Plaz 15 (Perséinlech Stëmmen: 2004- 5.035 / 2009- 6.481)
Mat engem Sëtz manner am Süden, kann eis Partei net zefridde sinn. Elo muss eng déif Analyse gemeet ginn vun de Resultater an ech wëll mech dorunner bedeelegen.
Fir d’éischt awer fléien ech lo mol eng Woch a Finland a brénge méng Famill heem. A propos: d’Sozialdemokraten hunn a Finland ee vun hieren 3 Sëtz verluer an d’Petra schruppt just laanscht e Mandat, mee dat ass awer e formidabelt perséinlecht Resultat.
Comments (26)

…solidariteitssteier ass okay…wann se richtech verwalt gött…
Kuken datt ech bis 2011 op Käerjeng wunnen kommen…..lol Yves for Burgerking..lol
Merci Dan!
Dei Fro ass allerdengs berechtegt, Serge. Mir gin zu 2 kaafen hun eis en normalt Haus kaaf, hun 3 Kanner (fir 2 Zwillingen krut, dofir mei wei geplangt) an et geet all Mount just bis guer net op. Bekannter vun eis geet keen mei schaffenseit sie virun 2 Joer en Haus kaaf hun an renoveieren mussen, an sie kennen sech erstaunlecherweis alles leeschten, wou mir mol net ze woen drun ze denken
)) Do leeft effektif eng kromm
((
Kuerz Remarque zur Solidaritéitssteier: Déi get vu just 40% vun de Lëtzebuerger bezuelt, dh, déi kleng Akommes bezuelen déi iwwerhaapt net…. dowéinst ass et eng sozial gerecht Steier.
2 zwillingen sin der 4!
…et ass villes schief gelaaf…den problem ass datt nie d'schold bei der csv gesicht gött…an d'lsap huet et verpasst d'problemer ze gesinn (gewollt oder net gewollt)…et ginn emmer mei lait matt problemer an dei gesait een net onbedengt an den *rives de clausen*…mee ech vertrauen den jongsozialisten well se nach eng sozialistesch ideologie hunn…go yves (du hues fönnef joer zait)… .) …
…daat wöll elo awer elo net heeschen datt keen sozialist mei an d'rives de clausen soll goen ! … .) …
I don´t understand much, but have heard from our Int Secr that the party in Luxembourg made a very good result. Congratulations! How does this affect your work?
Schued dat du et net gepackt huest,entweder mussen mei Leit opKäerjeng wunnen kommen wei z.B. Diddeleng oder mir mussen kucken fir an den Westen op eng Lëscht ze kommen.

Gratuléieren där fir däin perséinlecht Resultat!
Schued fir d’Petra, mee Gratulatioun och un hatt!
…solidariteitssteier ass okay…wann se richtech verwalt gött…
I don´t understand much, but have heard from our Int Secr that the party in Luxembourg made a very good result. Congratulations! How does this affect your work?
moien, wéi geet et? mol gespaant op d’walanalys, wéi ass daat méiglech, datt dee gringen turmes virum sozi goebbels ass?
Ech mengen de Claude Turmes huet gudd geschafft, grad ewéi de Robert Goebbels. Hien huet awer och eng ganz gud Campagne gmeet an en huet de Plus vun engem Jonken, nach onverbrauchte Politiker.
Fir mech keng sou eng grouss Iwwerraschung.
Kuerz Remarque zur Solidaritéitssteier: Déi get vu just 40% vun de Lëtzebuerger bezuelt, dh, déi kleng Akommes bezuelen déi iwwerhaapt net…. dowéinst ass et eng sozial gerecht Steier.
2 zwillingen sin der 4!
…et ass villes schief gelaaf…den problem ass datt nie d'schold bei der csv gesicht gött…an d'lsap huet et verpasst d'problemer ze gesinn (gewollt oder net gewollt)…et ginn emmer mei lait matt problemer an dei gesait een net onbedengt an den *rives de clausen*…mee ech vertrauen den jongsozialisten well se nach eng sozialistesch ideologie hunn…go yves (du hues fönnef joer zait)… .) …
…daat wöll elo awer elo net heeschen datt keen sozialist mei an d'rives de clausen soll goen ! … .) …
Virun allem huet den Härr Turmes aanescht wéi den Härr Goebbels eng Linn an sengen Ofstemmungen. Den Härr Goebbels ass oft als enzegen géint seng Fraktioun gaangen a bei engem Vote den mech perséinlech immens interesséiert huet huet en am Wirtschaftsausschoss Jo gestemmt an an der Pleniere Nee. Ass jo awer dann net verwonnerlech wann een net méi vun esou vill Leit gewiehlt ged.
Schued dat du et net gepackt huest,entweder mussen mei Leit opKäerjeng wunnen kommen wei z.B. Diddeleng oder mir mussen kucken fir an den Westen op eng Lëscht ze kommen.
moien, also de gringen turmes, an déi gring am allgemengen, dat ass net meng Wellelängt. Déi terroriséieren d’Leit mat hirem Ëmweltgedeessems. An déi Aktioun vu Gringpiss an der Chamber, dorops gehéiert Prisong. Den Här Goebbels kennt seng Dossieren, mä hien huet seng Europalëscht net gutt ënner d’Leit bruet. An datt de Frisoni nach gutt domm op RTL géint eis Sprooch geschwat huet, dat huet der CSV direkt den drëtte Sëtz abruet. 2004 hat Dirno de Walen e gudden Artikel géint d’Lulling am Tageblat bruet, kënnt lo nees een? Well datt d’CSV een 80jähregt an d’Europapapalapap schéckt, dat beweist, wéi wichteg hinnen d’Europapapalapap ass. Mä nach eng Kéier: et ass der LSAP hir eege Schold, datt se den zweete Sëtz net krut. An Dir hätt sollen op déi Lëscht. D’CSV hat 1 jonken op der Europalëscht a schonns dobannen. Taktesch méi klug, wann dat erlaabt ass hei ze soen.
Do stëmmt villes wat Dir hei schreiwt. Et ass der LSAP hier eege Schold wann se net a Fro koum fir den 2. Sëtz… Ech schreiwe grad un enger perséinlecher Analyse vun der LSAP hierer dach zimlech schlechter Walkampagne, do wäert ech am Detail drop agoen….