Mäer

Ech ginn alt heiansdo gefrot wat op mengem “Pins” steet. (Dëse Pins kënnt vun de JSL, déi fir all Juso-Kandidat eng personaliséiert Spéngel maache gelooss hunn). Op méngem steet grouss MÄER:

“mäer” als Oppositioun zu “ech”
“mäer” als Differenz zu “mir”

Et kann jidereen dran interpretéiere wat e wëll: Eng Sproochblos tëschend de Stäre vum europäesche Fändel, fir eis Sprooch, eis Identitéit an Europa, fir e Matsproocherecht, fir eng Meenung, fir méi Partizipatioun, fir eis Plaz an der Unioun, fir eng Gemeinschaft vun de Menschen, net eleng vun der Wirtschaft…

Ech hu nach eng ganz Rëtsch Pins, wien ee wëll soll mer einfach eng Mail maachen, ech schécken se dann heem… (yves.cruchten@vonet.lu)

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine