Zum congé parental
An engem Face-à-Face op RTL Radio koum de congé parental zur Sprooch. D’Lydie Err huet do proposéiert, de congé parental opzedeelen tëschend Mamm a Papp. D’CSV ass awer do kategoresch dogéint:
Vor allem wurde in Luxemburg bisher der Elternurlaub in Absprache mit den Sozialpartnern geregelt. Der Sozialdialog wird nicht außer Kraft gesetzt. „Schließlich würde diese Zwangsaufteilung die Wahlfreiheit der Familiengestaltung in Frage stellen. Eine Ablehnung des Elternurlaubs seitens des Vaters würde es der Mutter demnächst nicht mehr erlauben, ihrerseits den Elternurlaub zu beanspruchen, was nicht im Interesse des Kindes wäre“, so Marie Josée Jacobs, Familienministerin. (Extrait vun CSV.lu)
Komescherweis seet hei d’CSV dat do misst mat de Sozialpartneren diskutéiert ginn. Op der anerer Säit awer wëll d’CSV d’Ufanksgehälter beim Staat kierzen, an dësem Dossier hu si awer KEE Sozialpartner vidru gefrot ! D’CSV ass sech do also net ganz konsequent !! Mee bon, si kréie jo dach alles verziehen, schliesslech sinn si jo “déi mam Juncker“.
Wann d’Madame Jacobs awer mengt, et wär net am Intressi vum Kand wann d’Mamm AN de Papp gingen de Congé Parental huelen, da verstinn ech näischt méi ! An den An vun der CSV ass et just am Intressi vum Kand wann d’Mamm doheem bleiwt, sech ëm d’Kanner këmmert an de Papp schaffe geet !!! Wéini kënnt d’CSV endlech am 21. Jorhonnert un ?
Kommt mer schwätze mol Klortext:
Et ass haut esou datt vill Pappen an der Privatwirtschaft sech net trauen fir de congé parental ze huelen well dat net gudd gesinn ass am Betrib !!! (Ech kennen perséinlech eng ganz Partie esou Fäll !!!) Et ass awer och e Witz, datt de Papp grad emol 2 Deeg Congé kritt bei der Gebuert vu séngem Kand, a grad den Ament wou d’Mamm nees aus dem Spidol heem kënnt an de Papp am Dréngensden gebraucht get, da muss dëse neess schaffe goen !
An dem dote Sënn ass d’Propositioun fir de Congé ze deelen scho richteg ! D’Pappe wëllen a sollen och hier Responsabilitéit huelen an der Famill, dozou gehéiert och sech ëm de Nowuess ze këmmeren !
Der Lydie Err hier Propose ass guer net sou nei, dat get et well scho mi laang a verschiddene nordesche Länner. Ech giff awer gären dem Lydie séng Propose erweideren a schloe fir:
1. datt een de Congé Parental an 3 gläich Deeler opdeelt, wou de Papp an d’Mamm jidereen een Deel vum Congé huelen an den drëtten Deel sollen sie ënnert sech ausmaachen wien dëse wëll an Usproch huelen.
2. sollen d’Patron’en déi Käschten hunn fir hier weiblech Salarié z’ersetzen (während der Schwangerschaft, dem Congé postnatal asw), dës kënnen zur Halschend un de Betrib vum Papp ze verrechnen.
Dëst giff sécher mat sech bréngen, datt Patron’en manner zécken fir weiblecht Personal anzstellen, well se doduerch net onbedéngt méi benoodeelegt ginn. Villäit kinnt dat och dozou bäidroen, de Gruef vun ëmmerhin 15% Ennerscheed an der Pei tëschend Mann a Fra erofzedrécken.









