Parlorama.eu ass nees online
De Site parlorama.eu ass no laangem hin an hier nees online gaang. Hei ginn d’EU-Deputéiert eng Zensur ausgestallt fir hier Aarbecht an der leschter Legislaturperiod. Verschidden EZ-Deputéiert hate geklot fir de Site zouzemaachen. Elo ass e nees online. Et schéngt wéi wann d’Gewiichtung bei der Bewäertung vun den Deputéierten liicht geännert hätt. Dat erkläert wéisou et liicht Changementer zu dem Klassement vu virun engem Mount ginn huet.
Fir Lëtzebuerg kann een awer festhalen datt u sech folgend Deputéiert anstänneg geschafft hunn:
Claude Turmes
Astrid Lulling
Robert Goebbels
Erna Henicot-Schoeppges
Eng Datz kruten:
Jean Spautz a
Lydie Polfer.
Bon dat ass elo reng Arithmetik well et kann ee jo z.B. Rapporter ginn zu engem Projet dee vill Zäit an Aarbecht verlaangt et kann een awer och e Rapport zu just enger Klengechkeet maachen. Parlorama zielt awer just wéivill Rapport’en ee gemeet huet. Dofier ass dat Klassement zimlech ongenee mee et get engem awer eng Iddi, wien geschafft huet a wien net… Wat a méngen An awer ausschlaggebend ass, dat ass d’Präsenz vun eisen Deputéierten. Hei muss ee leider feststellen datt verschidde Lëtzebuerger mat knapps 63% Präsenz hiere “Soll” net erfëllt hunn.
Comments (4)









Ech fannen dat do ganz intressant, mee et sollt een awer dobäi bedenken, dass et net just dorop ukennt, wéi oft een do war oder wéi aktiv ee war, mee et sollt och d’Qualitéit vun der Arbecht berücksichtegt ginn. Déi ass natierlech subjektiv. Mee en Députéierten reng opgrond vu sénger quantitativer Aarbecht ze moossen, fannen ech e bessen irreführend, net dass et net wichteg ass, au contraire, mee et ass ebe just déi eng Säit vun der Medaille. Dat speziell mat Bléck op d’Madame Lulling
Stëmmt, ass och kloer datt u sech misst en Ënnerscheed gemeet ginn op een sech 5 Joer mat de Beienziichter beschäftegt huet oder sech mat der komplexer Matière vun der Energieversuergung ofginn huet…
An dach mengen ech sinn di leiten Instrumenter gudd fir datt sech d’Bierger kënnen eng Iddi maachen iwwer hier Politiker. Zu Lëtzebuerg wär esou eng Initiativ sécher och intressant…
da kucken ech mir dës propper Säit, a waat as mat Photo hei ze gesinn? D’Astrid Lulling. Waat e Brach, gët et ee Site hei zu Lëtzebuerg, wou daat net drop as? Si schaffen all souvill, eis Politiker, firwaat hun mir dann lo eng Kris?
Tjo, dat ass wuel wouer, leider wär et net éierlech gewiescht d’Mme Lulling aus dësem Klassement erauszehalen…