Walplakater: DP, di Lénk & KPL

2009-04-24_mupp

Di éischt Plakater vun de Parteien hänken sou lues. Bei verschiddene stellen ech mer awer Froen. Sou z.B. bei dem vun der DP: kuckt dee Mupp do wierklech “positiv” dran ? Oder steet en symptomatesch fir d’DP: “dee kann engem Leed doen” ? Ok, Claude Meisch, dir wëllt net an d’Regierung (cf. Walkampfoptakt vun der DP vum 27.4.2009) mee muss der dofier direkt eng Anti-Kampagne maachen ?

D’Plakat vun de Lénken hunn ech nëmme kuerz beim laanscht fuere gesinn. Mee ech hat gemengt do de Gregor Gysi z’erkennen. Ass dat dee Mann dem virgeworf get en Ex-Stasi Mataarbechter ze sinn ? Ass dat deen deen och an d’”Bonusmeilen-Affär” verwéckelt war ? Schéi Perspektive weist eis do di aner “Lénk”.

D’Kommunistesch Partei huet déiw an der Vergaangenheet gewullt a presentéiert eis de Karl Marx, vun den Doudegen operstaanen:

affiche2009

Déi dote Plakater kréie bestëmmt nach Sammlerwäert, dofier wann der eng gesidd: direkt erofrappen a gudd versuergen! ;-)

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments (5)

 

  1. Manuel says:

    Den DP-Mupp ass eng Vorschau op dem Meisch säin Gesiitsausdrock um Wahlowend :-)

  2. :-) Wéi kann eng Agence esou eng Aarbecht verkafen ? dat geet mäer net an de Kapp eran… Ech hat scho gemengt mam Bouf deen an de Bësch pisst wäer en Héichpunkt erreecht, ech hu mech giert…

  3. Joël says:

    “Déi dote Plakater kréie bestëmmt nach Sammlerwäert, dofier wann der eng gesidd: direkt erofrappen a gudd versuergen!”

    Souvill zum Thema “faire Wahlkampf”.
    D’Plakater vun der LSEP sinn iwregens och flott. “Letzebuerg brauch…” – daat klengt scho baal wéi wann der géift soen “mee mir kréien daat net hinn!”

  4. Zalü Joel,

    Ech hat gemengt di Lenk an d’KP wéilten dat Fairness-Ofkommes tëschend de Parteien net mat ënnerschreiwen…..?

    Ech stellen awer kloer datt dat just sollt eng méi oder manner witzeg Remarque sinn. Ech maache bestëmmt KEEN Appel fir Plakater mutwëlleg ze zerstéieren !

    Ech muss awer zouginn datt der KP hier Affichen en Hauch vu Nostalgie erëmginn.

    Alles Gudds!

  5. Joël says:

    Huet awer esou geklongen, wéi wanns de dozou géifs opruffen. Och wann déi Lénk den Fairness-Ofkommens net ënnerschriwen hunn, d’LSAP huet et awer. An iwert d’Grenn, wiesou daat net geschidd ass, ass jo schon genuch gestridden ginn, ech kann den Mouve op alle Fall novollzéien – well et jo vis a vis vun denen Parteien en grouße Witz ass.

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine