1 Walkampfried: Emploi Jeunes & Formatioun
(4.5.2009, Diddeleng -Gewerkschaftsheim)
An eisem Walprogramm maache mer d’Bekämpfung vum Chômage zu eiser absoluter Prioritéit. Mäer setzen eis an fir d’Recht op Aarbecht an anstänneg Peien. Anescht wéi verschidden aner Parteien ware mer eis och am September zejoerts scho bewosst wéi wichteg dëse Sujet giff ginn.
Mäer hunn an dene läschte 5 Joer iwwer 56.000 Aarbechtsplaze geschaf. An dach ass de Chômage an däer selweschter Zäit ëm en halwe Prozentpunkt geklommen. Wéi ass dat méiglech, kann ee sech froen ? Abee wann ee méi genee kuckt gesäit een datt iwwer 2/3 vun dene nei geschafene Plazen vu Frontalier’en besat goufen.
Wann der beim ADR op der Walversammlung wäert gifft der elo héieren : « D’Frontalier’en huelen eise Kanner d’Plazen ewech well se gewëllt si fir en Hongerloun schaffen ze kommen. »
Abee dat ass sech d’Saach e bessi einfach gemeet :
Wann ee gesäit datt am Joer 2007 eng 15% vun de Jonken d’Schoul verlooss hunn. Wann ee gesäit datt iwwer 85% vun de Chômeuren keen Secondärsofschloss hunn. Wann ee gesäit, datt iwwer d’Halschend vun hinne just hier Schoulpflicht absolvéiert hunn. Wann een awer wees, datt et ëmmer manner Betrieber get hei zu Lëtzebuerg déi nach Leit astellen déi keng, resp. wéineg Ausbildung hunn. Da wees een datt mer mat eise Kollegen aus Frankräich, der Belsch an Däitschland, net an enger Kompetitioun mat de Gehälter stinn, mee virun allem eng Konkurrenz hunn a Saachen Formatioun.
Et get also en direkte Lien tëschend der Aarbechtslosegkeet an der Formatioun.
Di Zäiten wou d’Stolindustrie nach vill Jonker konnt opfänken an hinnen am Betrieb eng Léierplaz geschaf huet, déi sinn ewell laang eriwwer. Eisen Aarbechtsmaart verlaangt haut eng héich Qualifikatioun, déi leider vill Lëtzebuerger net matbréngen. Dofier war et wichteg, an dëser Legislaturperiod d’Reform vun der Berufsausbildung ze maachen. Dofier sinn och d’Beschäftegungsinitiativen an di ganz Solidarwirtschaft esou wichteg. Esouguer d’Reformen an der Primärschoul wäerten, wann och eréischt an e puer Joer, dozou bäidroen, datt manner Jonker ouni Diplom d’Schoul wärte verloossen. D’Schoul vun der 2. Chance soll denen et erméiglechen hier Diplomer nozehuelen denen et an hierer Schoulzäit net gelongen ass.
Domadde geet et awer nach net duer.
E grousse Chantier dee nach ëmmer net ugepak gouf ass d’Reform vum Arbeitsamt. De John Castegnaro hat vollkomme Recht wéi e sech viru Kuerzem iwwer d’Funktionnéiere vun däer Institutioun opgereecht huet. D’LSAP wäert d’ADEM zu enger Beschäftegungszentral ëmfunktionnéieren. Dës soll net méi just d’Chômeuren verwalten, mee aktiv ginn fir d’Beschäftegung ze fërderen an d’Arbechtslosegkeet ze verhënneren. Leit ouni Schaff sollen individuell betreit ginn. Eppes wat haut net méiglech ass, këmmert sech dach ee Placeur ëm bis zu 500 Chômeuren. An anere Wieder : wann ee Chance huet, da get sech 10 Minutten am Mount ëm de Chômeur gekëmmert.
D’Sozialiste wäerten och derfier suergen datt eis Gesetzer agehale ginn an datt fräi Plazen och musse gemellt ginn. Ze dacks, vill ze dacks gi Plaze besat déi net bei der ADEM gemellt goufen a fir déi kee Chômeur hei am Land sech konnt mellen.
Wéi der wësst setzt eis Regierung, mat un der Spëtzt eise Wirtschaftsminister Jeannot Krecké op néi Créno’en fir eis Wirtschaft. Spéidsdens elo huet all Mënsch matkritt datt mer eis net mi just kënnen op d’Banken an d’Assurance verloossen. Lëtzebuerg sicht elo no Betrieber am Beräich vun der Datesecherheet. An de Biotechnologien solle mer eis Kompetenze ginn. Hei niewendrun zu Betebuerg op der aler WSA soll e Logisitkzentrum kommen wou an enger 1 Phase 1200 a bis zu 5000 Aarbechtsplaze geschaf ginn.
Dat ass dee richtege Wee : d’Investissementer an d’Fuerschung wäerten hier Friichten droen an op der anerer Säit, speziell an der Logisitik kënnen héich- mee virun allem och niddreg Qualifizéiert Leit eng Schaff fannen…
Ech géif gären eise Walprogramm op dësem Punkt ergänzen : Wa mer wëlles hunn an Zukunft Betrieber aus de Beräichen vun der Biotechnologie, der Dateseecherheet oder der Logistik op Lëtzebuerg ze lackelen, da musse mer och dofier suergen datt hei am Land déi gefuerdert Formatioun ugebuede get. Eng zentral Roll soll dobäi d’Uni Lëtzebuerg spillen.
Et wär nach vill, ganz vill zu dësem Sujet ze soen, mee méng Zäit leeft mer fort.
Eppes wëll ech awer nach lass ginn :
Wann eis Partei d’Chance kritt nach emol en Deel vun der Regirung ze stellen, wourunner ech perséinlech op alle Fall net Zweifelen, da solle mer net zécken fir de Ressort vun der Aarbecht ze fuerderen. Et get héich Zäit datt d’Sozialisten sech ëm och deen dote Chantier këmmeren !
Aus dësem a nach villen anere Grënn muss de 7. Juni all Stëmm op d’Lëscht 4, all Stëmm fir d’LSAP d’Sozialisten !








