Election machine v1.0

smartspider

Et get nach eng Première bei dëse Walen: fir d’éischte Kéier get eng seriös soug. “election machine” proposéiert. Iwwer Internet kënnen d’Wieler e Questionnaire ausfëllen an da ginn d’Aenwerte mat dene vun de Kandidat(in)en verglach fir datt ee kann erausfannen mat wiem een am meeschte Gemeinsamkeeten huet. Dëst ass en intressante Projet, speziell fir déi Leit di nach net sou richteg wëssen wéi oder wien se solle wielen. Am Ausland get et dës “Wahl-O-Mat”en ewell scho mi laang. Zu Lëtzebuerg ass et fir d’éischt an ech si frou driwwer datt et vu professionnelle Wëssenschaftler gemeet get a net just en onseriöse Gadget ass.

D’Politiker di seech dësem Questionnaire gestallt hunn, hu Courage gewisen, well et as net evident all di Froen ze beäntweren. Et kann ee sech nämlech net méi verstoppen a probéieren jiderengem ze gefalen. Dat erklärt villäit och firwat bis elo réischt 63 vun 450 Kandidate matgemeet hunn. Et fällt och op datt bis haut (4.5.2009) nach keen CSV-Kandidat säi Formulär ausgefëllt huet, obwuel mer dee well virun 1 Mount kritt hunn…*

Wann Dir elo Loscht hudd äech mat de Kandidaten ze vergläichen, da gidd op www.smartvote.lu a fëllt de Questionnär aus. Et ass awer och esou, datt dëst net alles ausseet iwwert e Kandidat. Vill Themen gi net ugeschwat, de Questionnaire léisst och kee Sputt fir mi nuancéiert Aenwerten ze ginn. Dofier get awer fir all Kandidat e soug. SMARTSPIDER erstallt, eng Graphik, déi engem Kandidat séng politesch Astellung erëmget. (Wéi ee gesäit bewegen ech mech do Lénks vun der Mëtt, net extremistesch an och net konservativ)

 *

parti

participation des candidats

1.

ADR

38%

3/8

2.

Greng

33%

20/60

3.

DP

28%

17/60

4.

LSAP

20%

12/60

5.

déi Lenk

18%

11/60

6.

KPL

0%

0/0

7.

CSV

0%

0/0

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine