Lëtzebuerg an Europa

groupe_europe

Mir hunn eis hei zu Lëtzebuerg zënter engem Jorhonnert eng zolidd Economie eruwwert. No enger staarker Siderurgie hu mir et fäerdeg bruet e performante Finanzcenter bei eis opzebauen. Mir hunn dat gemaach well mir fläisseg Lëtzebuerger haten an och well mir aus der Groussregioun a soss aus dem Ausland eng Immigratioun kruten, déi aktiv mat dru geschafft hunn fir zu dem Wuelstand ze kommen, dee mir haut kennen.

Zënter der franséischer Présidence awer hu mir Lëtzebuerger der schéi laanscht d’Läffele krut. Den Nicolas Sarkozy hat de Culot ze soen eise Premierminister misst sech bei hien explizéiere kommen wéinst eiser Steierpolitik. Géif dësen exaltéierte franséische Staatschef och esou mam Gordon Braun oder der Madame Merkel schwätzen? Den SPD-Parteichef Müntefering wollt d’Arméi opmarschéiere loossen géint Lëtzebuerg. (Wann dat grad vun deër Säit  kënnt, da ginn engem d’Schudderen aus) Géif dese Spëtzepolitiker dat och zu de Franzouse soen?

Et gesäit ee ganz kloer, datt et einfach ass op de Klengen erëmzetrëppelen. Domat kann ee vun den enorme Problemer am eegene Land oflenken.

De G-20 vu London war eng kammoud Plaz fir op déi Kleng ze klappen. De Jacques Attali huet am franséischen EXPRESS gesot: „En réalité, dans ce genre de réunions se joue une impitoyable bataille, dans laquelle les plus puissants l’emportent toujours”. Well England den Organisteur war, war och keen esou king ze reclaméieren géint d’Finanzpolitik an der City an op de Kanalinselen. Beim nächsten G-20 zu New York wäert och keen de Courage hunn d’Amerikaner z’attakéieren wéinst hirer Finanzpolitik an de Staaten Delaware, Nevada a Wyoming.

Och wann et schwéier schéngt, musse mir eis géint dës Tendenze wieren. Als Lëtzebuerg hu mir nach e gewësse Poids an Europa. Mir hunn eng Stëmm am Conseil européen, mir hunn e Kommissär (mee leider net méi vill héich plazéiert Fonctionnaire bei der Kommissioun) a 6 Deputéierten, wat proportionnel zu der Populatioun an Europa ganz héich ass. Bis viru Kuerzem war an Europa de Gebrauch datt no dacks kontroversen Debatten d’Länner sech um Sommet eens goufen op alle Gebidder vun der Politik. Lëtzebuerg war ëmmer bereet Konzessiounen ze maachen wann et néideg war. Den Här Sarkozy awer huet e neie Wee ageschloen a setzt net méi op den europäesche Konsens an op d’Zesummenhalen an der Unioun.

Mee mir däerfen eis awer net ënnerbottere loossen.

Et ass richteg wann zu Bréissel a Stroossbuerg d’europäesch Parteipolitik ëmmer neess als e „Must” duergestallt gëtt. Mee loosse mer eis näischt virmaachen: déi national Intressen, wann se och net an d’Fënster gestallt ginn, diktéieren awer ganz däitlech.

Et soll awer och kloer gesot sinn, datt et richteg ass, eist Bankgeheimnis nei ze definéieren. Mäer mussen eis an Europa alleguerten (och zu Lëtzebuerg) wieren géint Steierhannerzéiung an aner Onéierlechkeeten.

Et ass awer erschreckend ze gesinn, mat wéi enger Vitesse a Brutalitéit eng Prérogative vun engem klenge Land vum Dësch gewëscht get während fir verschidde grouss Länner permanent Exceptioune gemeet ginn oder europäesch Traité’en a Verfassungen ëmgeschriwwe ginn.

Dat heescht awer net datt mer eis sollen op eis zréck zéien. Am Conträr: mäer mussen mathëllëfen fir datt d’Problemer neess op communautärem Niveau geléist ginn an et net zu engem Directoire vun e puer grousse Länner an der EU kënnt. En éischte Schratt fir dat z’erreechen ass eng staark Kommissioun mat engem staarke Kommissiounspräsident. Den heitege Präsident, den Här Barroso huet bewisen datt hie kuscht esoubal de franséischen Hunn kréiht oder den englesche Bulldog seng Zänn weist. Fir d’Gauche kann also just de Rasmussen a Fro kommen fir neie Kommissiounspräsident.

Och Lëtzebuerg soll e staarke Vertrieder an d’Kommissioun schécken a net eng Politikerin déi op allen Hochzäiten danze wëll (am Parlament an och an der Kommissioun), an der Lescht awer ze dacks den Asaatz verpasst huet sech fir Lëtzebuerg anzesetzen.

Mäer brauchen awer och dee neien Traité, net nëmmen fir datt de Juncker ka Rotspräsident ginn, mee virun allem well mer domadden méi Subsidiaritéit an d’Politik kréien an eist Funktionnéieren als 27-EU-Länner verbessert get.

Zulescht brauche mer awer och méi Pouvoir’en fir d’Europaparlament a virun allem eng sozialistesch, resp. sozialdemokratesch Majoritéit. Och mir hei zu Lëtzebuerg kënnen do eisen Deel bäidroen andeems mer de 7. Juni op d’mannst en zweeten LSAP-Vertrieder bei den Europawalen désignéieren.

Hei nach emol d’Kandidaten vun der LSAP:

Simone ASSELBORN-BINTZ
Claude FRISONI
Robert GOEBBELS
Ginette JONES
René KOLLWELTER
Jos SCHEUER

 

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine