Pressekonferenz vum 16.4.2009
Den Ophänkert vun dëser Pressekonferenz war u sech d’Presentatioun vun eisem neien Internetsite, deen de Méindeg offiziell lancéiert get (www.lsap.lu). Op d’Fro: “Wéi eng Importenz kritt de Walkampf 2009 am Internet ?” hunn ech dat heiten geäntwert: Am Joer 2005 huet d’Walanalyse déi d’Chamber an Optrag ginn huet festgehalen datt u sech den Internet net décisiv war bei de Walen 2004. Dës Kéier wäert dat anescht sinn: mat iwwer 70% vun de Bierger déi direkten oder indirekten Accès zum Internet hunn, ka keng Partei sech et méi erlaaben den Internet ze négligéieren. Niewt dem offizielle Site vun der Partei hunn sech och sëlleche Kandidat(innen) en eegene Site, eng Homepage, e Blog oder nach e Profil um Facebook ginn, fir mat de Wieler ze dialoguéieren.” Mäer hunn awer och iwwer di politesch Aktualitéit geschwat an en Opruff un eis Membere gemeet fir de 16. Mee mat op d’Demonstratioun vun de Gewerkschaften ze goen.
(Pressekonferenz op RTL.lu)









