Equal pay?
Et ass gewosst, datt Fraen nach ëmmer vill manner verdéngen ewéi hier männlech Aarbechtskollegen, och hei zuLand. Dofier get et zum Deel Erklärungen, zu engem groussen Deel awer och net. Aus dësem Gronn wollt ech noliesen wéi den Ennerscheed an der Pei ass tëschend Frae MAT a Fraen OUNI Kanner. Am Spiegel huet d’Ministerin Ursula von der Leyen (CDU) gemengt, do wier an Däitschland den Ecart nach méi grouss ewéi deen tëschend Fraen a Männer. Ech fanne leider keng Statistik doriwwer hei zu Lëtzebuerg (wann een déi huet, scheckt mer se weg). Falls et effektiv keng get, da froen ech mech awer firwat? (Iwwerhaapt fannen ech et komesch, datt mer a ville Beräicher zu Lëtzebuerg keng antsänneg Statistike féieren) A ménger Recherche um Internet sinn ech op de Site vum Chancegläichheetsministär gefall, do war ech frou datt wéinstens e Link do war deen op de Site vun der Europäescher Kommissioun verwisen huet, wëll soss hätt een do net vill Intressantes kënne noliesen. (Wat huet dee Ministär iwwerhaapt Opweises an de läschte Joren ?)
Méi krass awer wor d’Resultat vu ménger Recherche op google.lu. Hei hat ech d’Stéchwierder: “UNTERSCHIED LOHN FRAUEN MIT KINDERN” aginn, an als Resultat krut ech:
“Frauen aus Russland
Fotos und Videos, attraktive Frauen
aus Russland, St. Petersburg
www.julia-info.de
Frauen zum Flirten finden Sie hier!
Der Singletreff im Internet
www.meetic.lu”
Mäer liewen a enger komescher Gesellschaft…
Hei awer e puer Statistiken di intressant sinn, mee och do ass d’Fro firwat sinn déi all sou al ? A firwat hu mer keng aktuell Donnéen ?
Ok, mäer brauchen eis net ze bretzen mat eiser Gläichstellungspolitik aus de läschte Joren, ass dat de Grond firwat mer léiwer keng Etude maachen ?
|
Brutto-Monatsverdienste (in EUR) nach sozio-ökonomischen Kategorien, Geschlecht und Alter |
|||||||
|
Sozio-ökonomische Kategorie |
Unternehmenszugehörigkeit (in Jahren) |
|
|||||
|
weniger als 2 |
3 bis 5 |
6 bis 10 |
11 bis 15 |
16 bis 20 |
21 und mehr |
|
|
|
Führungskräfte |
|
||||||
|
Männer und Frauen |
4 029.43 |
4 539.48 |
5 034.69 |
5 413.67 |
6 032.24 |
6 605.89 |
|
|
Männer |
4 231.59 |
4 717.69 |
5 304.77 |
5 594.01 |
6 009.61 |
6 745.41 |
|
|
Frauen |
3 501.87 |
3 867.86 |
4 074.97 |
4 707.77 |
6 134.05 |
5 718.06 |
|
|
Techniker |
|
||||||
|
Männer und Frauen |
2 775.96 |
3 127.90 |
3 462.38 |
3 711.07 |
3 987.32 |
4 486.65 |
|
|
Männer |
2 855.78 |
3 277.30 |
3 627.97 |
3 758.91 |
4 146.76 |
4 577.95 |
|
|
Frauen |
2 642.45 |
2 871.25 |
3 205.51 |
3 612.73 |
3 458.61 |
4 047.43 |
|
|
Verwaltungsangestellte |
|
||||||
|
Männer und Frauen |
2 026.60 |
2 149.39 |
2 446.61 |
2 813.12 |
3 085.08 |
3 360.92 |
|
|
Männer |
2 088.80 |
2 195.17 |
2 560.96 |
2 979.68 |
3 159.92 |
3 433.15 |
|
|
Frauen |
1 988.38 |
2 117.51 |
2 368.50 |
2 574.30 |
2 899.09 |
3 027.18 |
|
|
Facharbeiter |
|
||||||
|
Männer und Frauen |
1 840.09 |
2 006.50 |
2 173.60 |
2 416.00 |
2 548.37 |
2 606.30 |
|
|
Männer |
1 863.49 |
2 041.53 |
2 210.09 |
2 453.77 |
2 574.65 |
2 616.09 |
|
|
Frauen |
1 458.08 |
1 552.11 |
1 645.27 |
1 833.82 |
1 848.67 |
1 752.86 |
|
|
Nicht qualifizierte Arbeitskräfte |
|
||||||
|
Männer und Frauen |
1 470.21 |
1 564.80 |
1 767.70 |
1 957.32 |
2 153.05 |
2 372.24 |
|
|
Männer |
1 559.47 |
1 669.66 |
1 901.44 |
2 153.05 |
2 259.38 |
2 476.16 |
|
|
Frauen |
1 318.07 |
1 400.70 |
1 501.07 |
1 665.00 |
1 764.13 |
1 914.36 |
|
|
Quelle:STATEC |
|
||||||
|
Verteilung der Mindestlohnempfänger auf Wirtschaftssektoren (Situation am 31.03.2002) |
|||||
|
Wirtschaftssektor |
Männer |
In % gemessen an der Gesamtzahl männlicher Beschäfttigter in der jeweiligen Branche |
Frauen |
In % gemessen an der Gesamtzahl weiblicher Beschäftigter in der jeweiligen Branche |
Gesamt |
|
Landwirtschaft, Weinbau und |
360 |
37% |
65 |
26% |
425 |
|
Industrie |
2 455 |
9% |
1 960 |
31% |
4 415 |
|
Energie und Wasser |
5 |
1% |
0 |
2% |
5 |
|
Bauwesen |
3 975 |
15% |
260 |
15% |
4 235 |
|
Handel, Gastgewerbe (Hotels, |
6 270 |
25% |
9 575 |
44% |
15 845 |
|
Verkehr und Kommunikation |
1 195 |
8% |
330 |
9% |
1 525 |
|
Finanzvermittlung |
155 |
1% |
160 |
1% |
315 |
|
Immobilien, Vermietung, unternehmensbezogene |
2 325 |
11% |
2 030 |
14% |
4 355 |
|
Andere Dienstleistungen |
2 420 |
16% |
3 480 |
12% |
5 900 |
|
Alle Sektoren |
19 160 |
13% |
17 860 |
19% |
37 020 |
|
Quelle: IGSS (Generalinspektion der Sozialversicherungen) |
|||||
Comments (3)










Si ce n'était que le salaire !
Si ce n'était que le salaire !
Subject: Ecart salarial
Salut Yves,
Ech hun Däin Artikel gelies iwwert d’Salairen vun den Fraen. Effektiv hu mer nach kéng Statistiken doriwwer publizéiert, vu daat mer bei deenen administrativen Sourcen (IGSS) nët wëssen, op d’Fraen Kanner hun oder nët.
Ech sin beim Statec responsabel fir d’Enquête EU-SILC (statistics on income and living conditions) hei zu Lëtzebuerg. Daat as eng representativ Enquête déi bei den Ménagen déi zu Letzebuerg wunnen gemeet get. 2007 haten mer baal 3900 Ménagen an eisem Echantillon. Do sin och Informatiounen dobäi, op am Stoot Kanner sin oder nët. Ech hun mol probéiert, do en Ecart salarial um Bruttosloun vum Joer ze rechnen. Ech hun awer nëmmen déi Fraen geholl, déi während dem ganzen Joer Vollzäit geschafft hun (aus Vergläichsgrënn). Do haat ech en Echantillon vun 988 Fraen, déi ongeféier 41500 Fraen an der Bevölkerung représentéieren. Dobäi as dann en Ecart salarial vun ongeféier 20% erauskomm. Daat heescht Fraen ouni Kanner verdéngen en Fënnëftel méi wéi Fraen mat Kanner. Ech hun awer elo kéng aner Variablen wéi Educatioun, Secteur d’activité, Occupatioun, Erfahrung etc gekuckt. Vun deenen 20% wärt dann en Deel duerch déi Variablen ze erklären sin, mee dofir haat ech elo sou séier kéng Zäit.
Hoffen daat huet Där éng kléng Iddi gin. Wéi gesot, et gët kéng offiziell Publicatioun vun eis doriwwer, daat hun ech elo séier hei gemeet.
Hope it helps,
Marco