Walkampf zu Helsinki an Ouschtereeërgedanken

y_p

Zréck aus dem Norden! Hat elo eng ustrengend Woch zu Helsinki. Natierlech war ech frouh, mol rem e bessi Zäit ze hu fir mech ëm de Lukas an d’Vera ze këmmeren, mee meng Rees hat jo och als Sënn, dem Petra eng Hand unzepaken a séngem Walkampf. Dat hu mer och gemeet an zwar richtege “graasroot-campaigning”, dobaussen, an der Keelt. Mäer stoungen stonnelaang an der Geschäftsstrooss, hu Spéngele (Buttons) gedréckt a verdeelt, de Leit Flyeren an d’Gräpp gedréckt, roud Kamelle verschenkt a vill, ganz vill mat de Leit diskutéiert.

Eng flott Erfahrung fir mech, déi mer am Fong och d’Differenzen mat Lëtzebuerg weist:

Effektiv war ech zur Zäit zréck fir op der Emaischen um Stand vun der Partei ze hëllefen. Mee et ass mer opgefall, datt mer ausser Loftballon’en opzeblosen a roud Eer ze verdeelen, wéineg politesche Message un d’Leit bruecht hunn. Ok, déi aner Parteien ware net vill besser, si haten ebe blo an orange Eer oder nach Schoklashuese verdeelt, mee et schéngt mer och do wéineg “politesches” iwwer de Comptoir gaangen ze sinn. Et ass also wéineg diskutéiert ginn (et get bestëmmt och Aussnahmen), villäit wëll d’Leit iwwerhaapt net op Nouspelt komme fir vun de Politiker de Kapp voll getrotert ze kréien.

A Finland war dat anescht, do wollten d’Leit wëssen wat d’Petra ging fir sie oder fir Finland maachen wann et gewielt get. Präzis Froen goufe gestallt, heinansdo esou präzis an détailléiert datt ee net direkt konnt eng Äentwert ginn (wie weess scho genee wat de Problem vun der europäescher Liewensmëttelagence mat der italiénescher oder der finnescher Zoossis ass) an een d’Leit vertréischt huet, et nozekucken a sech da per Email ze mellen. Et ware souguer Leit speziell an den Zentrum gefuer fir mam Petra ze diskutéieren.

Zréck op Nouspelt: firwat huet et di meeschte Leit net intresséiert fir wat déi eng Partei oder dëse Kandidat steet ? Huet de Laurent Zeimet a séngem Wort-Artikel Recht wann en eis ze verstoe get, datt d’Wieler haaptsächlech no der Proximitéit vun de Kandidate kucken a manner no deem wat se wëlle bewierken? Et schéngt op alle Fall mol sou, mee wahrscheinlech ass dorunner virun allem eise Walmodus Schold: Wann een am Süden 23 Stëmmen ze verginn huet, da kann ee vill “Sympathiestëmmen” verdeelen. Wann een awer, wéi a Finland nëmmen engem eenzege Kandidat ka séng Stëmm ginn, da muss ee sech scho wierklech vergewësseren datt hien oder hatt “gudd” ass oder besser gesot, “deen oder déi beschte Kandidat(in)” ass.

Ech si mer nach net ganz sécher wat fir ee System besser ass, mee op alle Fall hoffen ech datt et an de nächste Wochen endlech zu enger politescher Diskussioun kënnt tëschend de Parteien awer virun allem och mat de Wieler.

007

(di finnesch Presse hat eis och couvréiert an ech hunn Interviewe ginn, op Englesch awer)

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine