Artikel am Tageblatt

Haut war am Tageblatt e flotten Artikel driwwer, datt d’Petra och Kandidatin bei den Europawalen ass dëst Joer. Muar fléie mer zesummen a Finland, wou ech dem Petra wëll hëllëfen bei sénger Campagne an ech treffe mech och mat der Vize-Presidentin vun der Chamberfraktioun vun der SDP fir ë.a. iwwer d’Rechter vun den Aarbechter ze schwätzen. Et schéngt, wéi wann och a Finland dëst een vun den Haaptsujet’en fir d’Wale wäert ginn. (Den Artikel aus dem Tageblatt vun haut epaper.lu) (Foto: Fabrizio Pizzolante, Tageblatt)








