Méng ganz perséinlech “schwaarz Lëschten”

„Stell der vir, et kinnt nach een op d’Iddi kommen ze menge mäer wäre Schold un der Wirtschaftskrise” sou oder sou ähnlech wäert d’Gespréich um läschte Sommet tëschend dem Nicolas Sarkozy an dem Angela Merkel geklongen hunn. Abee fir sech keng Bléiss ze ginn hu se sech och eppes Neits, Originelles afale geloss: et gi schwaarz Lëschten opgestallt, do kommen all déi drop déi  d’Schold solle kréien un dem ganze Misär. 

Well dat viläit nach net duer geet, maache se och nach eng gro Lëscht derbäi, fir sécher ze stellen, datt de Juncker och net 1. Rotspresident get. (gell Nicolas?) 

Abee, dat ass an der Rei. Lo hu mer Woche laang vun dene blöde schwaarze Lëschte geschwat vun de Länner déi zum Deel nach e Bankgeheimnis hunn. Et ass gudd elo, d’Lëschte sinn eraus…

… Kommt mäer fuere weider sou.
Kommt mer halen hei net op,
mee kommt mer maache virun mat dene schwaarze Lëschten:

Ech proposéieren, datt mer elo eng Schwaarz Lëscht maachen vun dene Länner déi Waffen exportéieren (haaptsächlech an den afrikanesch Kontinent):

 

  1. Russland
  2. USA
  3. Frankräich
  4. Däitschland
  5. England
  6. Ukraine
  7. Kanada
  8. Holland
  9. Italien
  10. Schweden

An dann eng Lëscht mat dene Länner déi Antipersouneminnen produzéieren (déi wahrscheinlech nidderträgtegst Manéier e Krich ze féieren, well hei just an eleng d’Ziviliste viséiert sinn):

 

  1. China
  2. Indien
  3. Russland
  4. Pakistan
  5. Singapour
  6. Nepal

 an eng gro Lëscht fir déi Länner déi wëlles hunn der an Zukunft ze produzéieren:

  1. USA
  2. Sud-Korea
  3. Nord-Korea
  4. Iran
  5. Cuba
  6. Vietnam

Et wieren also nach aner Lëschten opzestellen, mee op den Här Sarkozy oder d’Madame Merkel dat och wäerten an d’Hand huelen ass ze bezweifelen….

An elo kënnt d’Quiz-Fro: wéivill vun dëse Länner waren um G20 Sommet vertrueden???

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments (1)

 

  1. Joël says:

    Wéi wier et mat enger Lescht vun Länner déi Krich exportéiren an daat ganzt “Terrorismusbekämpfung” nennen?

    Oh.
    Esou eng Lescht ged et schon.
    Daat ass d’Memberlescht vun der NATO.
    Firwaat brauchen mir eigentlech nach eng NATO? Et ged keen Warschauer Pakt méi, déi meescht Länner vum Warschauer Pakt sinn haut Member an der NATO, déi sech néi Spillplaatzen sicht, zB. am Afghanistan.

    Nee, et muss een keen Finanzparadies sinn, fir op enger schwaarzer Lescht ze stoen. Mee Antipersounenminnen muss een och net produzéiren. NATO-Member ze sinn geht duer.

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine