Hyvä Petra!

pp

Wéi verschiddener et villäit scho wëssen, geet och méng Fra d’Petra mat an d’Walen de 7. Juni. Hat ass Kandidatin fir d’Europawalen a Finnland an dat natierlech bei der SDP (di finnesch Sozialdemokraten). Och d’Petra giff sech iwwer är Ënnerstëtzung fréen dir kënnt dat entweder op sénger Internetsät www.petrapaasilinna.fi (am Moment nach di provisoresch Säiten) oder um Facebook maachen.

Di aner Woch, den Dënschdeg fléien ech mat him a Finnland a probéieren eng Hand matunzepaken bei senger Walcampagne. Et ass schon intressant fir ze gesinn wéi de Walkampf am Ausland ass, a Finnland z.B. ass jidereen Kandidat fir sech selwer, Lëschtestëmme get et keng, och huet all Wieler nëmmen 1 eenzeg Stëmm ze verginn un de Kandidat den e wëll. Do heescht et natierlech nach méi z’iwwerzeegen wéi dat zu Lëtzebuerg de Fall ass.

Ech probéieren iech villäit regelméisseg e puer Impressiounen an Informatiounen iwwer dem Petra säi Walkampf ze liwweren. Op alle Fall heescht et vun elo uns: “Daumen drécken fir d’Petra!”.

PS: fir déi di e bessi finnesch kënnen, hei en Dépliant vum Petra

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments (2)

 

  1. Philippe says:

    gratulatioun! engagéiert famill :) dat ass jo flott ! hun sie leschtenplaaten an Finnland ?

    ech giff zwar meng gudd frendin an ex-spriecherin Emma Kari vun Vihreat wielen ;)

    lg
    schocky.

  2. Zalü Philippe,
    Nee, si hunn iwwerhaapt keng Lëschten, dat mecht hiere Walsystem och sou intressant: als Wieler hues de 1 Stëmm an déi kanns dem Kandidat vun dénger Wal ginn. Herno get nom Proportz gerechent wéivill Stëmmen d’Kandidaten vun de Parteie kritt hunn…. an anere Wieder: du muss de Wieler iwwerzeegen datts du dee /déi Beschten Kandidat(in) bass… Du kriss also kaum Stëmmen wéi heizuland wou et dacks drëms geet souvill wi méiglech Dëppefester ze besichen an op de Foto’en an der Lokalrubrique vum Wort ze stoen… et geet net duer just sympatesch ze sinn…

    Wien ass dann d’Emma Kari?
    mfG
    Yves

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine