Di Saach mat de Peie beim Staat
Soll den ëffentlechen Déngscht elo riit stoen fir d’Fehler déi d’Politik an de leschte Jorzéngte gemeet huet ?
Wéi all Artikel am Moment, fänkt och dëse Lieserbréiw un mat der Wirtschaftskrise. Nodeems de kommunistesche Regime an Osteuropa an de 90er Joren séng Faillite erklärt huet stoung de Kapitalismus eleng do, ouni Konkurrenz an et gouf verpasst dësem di néideg Regelen opzerléen fir datt den dat kéint hale wat e verprach huet : fir sozial Gerechtegkeet ze suergen. D’Konsequenz dovunner kréie mer haut ze spieren. Kommt mer sinn awer esou éierlech zouzeginn, datt mer bal alleguerte vun dem grousse Wirtschaftswuesstem profitéiert hunn, egal op am Privatsecteur oder am Staatsdéngscht :
Am Privatsecteur goufen d’Cadren mat héije Gehälter, Bonus’en, Indemnitéiten, Vegënschtegunen, Avantagen, Obligatiounen a Profitpartizipatiounen belount. Am ëffentleche Sekteur, och wann et net zu gréissere Lounopbesserungen koum, sinn d’Gehälter duerch di gudd wirtschaftlech Situatioun geklomm.
Elo wou dee perverse System eis séng Limite weist, wäerten an de nächste Joren dem Staat eng Rëtsch Gelder fehlen an et gëllt sech haut Gedanken ze maachen, wéi mer dat Lach gestoppt kréien. Et ass speziell elo virun de Walen wichteg, datt sech all d’Parteien positionnéieren an de Wieler klor soen wéi si dat nom 7. Juni wëllen upaken. D’LSAP huet proposéiert fir d’Solidaritéitssteier ze héijen, dh. eng Steier déi vun denen bezuelt get di och Akommessteier bezuelen (dat sinn ongeféier 40% vun den Awunner), si trëfft also net di kleng Leit an ass demno a gewëssener Hissicht sozial. D’DP proposéiert Kierzunge vun de Sozialleeschtungen, wéi zb dem Kannergeld. D’CSV huet laang gewaardt fir sech ze prononcéieren, mee huet leschte Sonnden op hierem Kongress d’Kaz aus dem Sak gelooss : Et soll gespuert ginn am ëffentleche Sekteur :
« Wat di Beschäftegt aus dem öffentlech Sekter betrëfft, huet de Partei-President François Biltgen zu méi enger grousser Bereetschafft fir Leeschtung a Responsabilitéit opgeruff (…)
D’CSV ass dofier, datt d’Ufanks-Gehälter beim Staat dem Niveau aus dem Privat-Sekter ugepasst gëtt. D.h. no ënnen upassen. » (RTL 30.3.2009)
Och wann eise Premier Recht huet, wann e seet datt et eng grouss Differenz get tëschend den Ufanksgehälter am ëffentlechen an dem private Sekteur, sou ass dat virun allem wouer bei dem Beispill wat hien och genannt huet : bei den ënneschte Karriären (Aarbechter, Handwierker asw). Et get sécherlech och Beispiller déi de Géigendeel beweisen. Wat mech awer virun allem stéiert ass, datt d’CSV dermadde rechent datt et wéineg Solidaritéit get tëschend de heitege Statsbeamten an dene déi an Zukunft sollen agestallt ginn. (Firwat soll ech streiden fir déi di elo réischt ufänken, mir get jo näischt ewech geholl?) Mee opgepasst: Et ass eng éischt signifikativ Attack op de Statut an d’Pei vun de Beamten an Aarbechter beim Staat. Get dës Pëll emol vun der Fonction Publique geschléckt, da wäerte weider Attacken net ausbleiwen. Well dat selwescht Argument vun der Differenz tëschend de Peien am Privaten an am ëffentleche Sekteur gëllt dann och a virun allem am Verlaf vum Rescht vun der Karriär.
Aus dësem Gronn ginn ech der Impressioun net lass, datt dat ganzt just e pré-électoralen Hormoniwwerschoss vun der CSV ass, fir sech beim Privatsecteur unzebiederen, ouni sech zevill mat der Fonction publique unzeléen. Wären si sech nämlech Konsequent, da misste se jo d’Kierze vun alle Peie bei Staat a Gemenge fuerderen…
Ech ënnerträichen, datt ech selwer als Redakter bei enger Gemeng schaffen a villäit verschiddener mer dowéinst eng gewësse Befaangenheet wäerten ënnertstellen. Ech wëll awer net behaapten datt et net och beim Staat Méiglechkeete get fir ze spueren. Et get sëlleche Beispiller wou an der Administration Centrale kéint gespuert ginn, sou ass et zB onsënneg, fir méi Datebanken beim Staat ze féieren oder datt verschidde Verwaltunge nach esou schaffe wéi virun 20, 30 Joer an de Staat sech mat der Informatiséierung nach ëmmer schwéier deed. …. . Di scho laang versprache Réforme Administrative léisst nach ëmmer op sech waarden, oder huet iergendeen an dëser Legislaturperiode héieren datt sech do eppes gedoen huet ? Ech si sécher datt keng 10 Leit vun 100 wëssen wéi hei de Minister heescht*. Wat elo de Käschtepunkt vun der Masse Salariale beim Staat a bei de Gemengen ugeet, sou ass och hei effektiv Aspuerpotential. Et giff z.B. schon hëllëfen wa mer eis Gesetzer gingen applizéieren a mer bei Avancementer méi Wäert giffen op d’Responsabilitéit vun dem concernéierte Beamten ze léeen wéi datt just an eleng d’Dingschtjoren an den Alter considéréiert ginn fir an der Carriäre z’avancéieren.
Iwwerhaapt ass et di falsch Approche fir pauschal wëllen bei den Ufangsgehälter ze sträichen. Grad jonk Leit di an d’Beruffswelt antrieden hun dacks entweder eng Schold ofzedroen (vun hiere Studien, oder fir mobil ze ginn) a sinn souzesoen drop ugewisen datt si anstänneg bezuelt ginn. Ass et net och di falsch Approche ze soen: well d’Ënnerscheeder tëschend dem ëfentlechen a private Secteur sou grouss sinn, mussen d’Peien beim Staat gekierzt ginn? Ass et nët éichter esou datt mer eis als Ziel sollte setzen, datt och am Privatsekteur anstänneg Peien ausbezuelt ginn ? Et stëmmt, datt mer e relativ héije Mindestloun kennen zu Lëtzebuerg (an dat huet och séng Uersaachen), mee a kengem aneren europäesche Land ginn et dofier och sou vill Mindestlounempfänger wéi bei eis (40%). Mäer schafen also en héije Mindeststandard an an engems suerge mer dofier datt e Gros vun eisen Awunner just un dem Minimum hänken.
Villäit ass dat eleiten e bessi populistesch, mee Tatsach ass, datt diselwescht, di leschte Sonnden um CSV-Kongress dofier gestëmmt hunn, datt d’Peien am ëffentleche Sekteur sollen erofgoen, sech awer net ze Schued waren fir an der selweschter Woch an hiere Gemengen (z.B. Péiteng oder Iechternach) d’Indemnitéiten vum Buergermeeschter, resp. de Schäffen z’erhéijen. Dat mecht hier Argumentatioun net onbedéngt méi kredibel.
Et get duerchaus Potential fir beim Staat ze spueren an et giff och héich Zäit ginn datt de Staat endlech séng Karriären de Realitéiten vun den Diplomer upasst déi eis Schoulen hiere Schüler a Studenten haut ausstellen. Fir elo awer dovunner ze profitéieren fir dem Staats- a Gemengebeamten un d’Peitut ze goen ass net dee séchere, (pardon) richtege Wee.
(*d’Aentwert ass natierlech den Här Claude Wiseler)
Comments (6)









Hallo Yves,
D’Ufanksgehälter beim Staat sin querbeet vill méi héich ewéi am Privé. Bsp Universitaire:
Fiduciaire ca.2800
Bank ca. 3600
Staat ca. 5300
D’Progressioun as allerdings dono eng aner, d’Endgehälter sin am Privé vill méi ennerschiddlech.
Raoul
Zalü Raoul,
Ech si mer scho bewosst, datt déi Differenzen existéieren. Och wees ech datt et ganz schwéier ass d’Peien am Privaten un déi vum Staat erunzebréngen. An dach verstinn ech net wat et soll bewierken wann d’Ufanksgehälter beim Staat solle gekierzt ginn… (Dingt dat wierklech dem Privatsekteur)
Ech denken datt an de Verhandlunge mat der Gewerkschaft nach aner Moossnahme sollten diskutéiert ginn. (Zb keng lineär Lounerhéijungen während der ganzer Legislaturperiode). Wat ménger Meenung no méi wichteg ass, ass d’Avancementer un d’Responsabilitéit ze koppelen. Well d’Differenzen teschend den Endgehälter (och wann ennerschiddlech) ass nach vill méi grouss wéi déi am Ufank.
Et ass kloer datt och d’Fonction Publique muss hiere Beitrag leeschten, ech kann awer net verstoen wéi ee kann vu vir eran annoncéieren, pauschal d’Ufangsgehälter ze beschneiden…
Mäer brauchen beim Staat Carriären déi den Diplomer ugepasst sinn, dat ass scho laang net méi de Fall…
Alles Gudds!
Yves
Hallo Yves,
Wann d’Paien beim Staat net esou héich wieren, hätt den Privatsecteur et méi liicht fier jonk Letzebuerger ze recrutéieren an och bei sech ze haalen. Mier kennen allen 2 eng Rei Leit déi fier t’éischt am Privé (z.B. op enger Bank) geschafft hun an duerno bei den Staat gewiesselt sin. En Proff am Stage kritt 5300 Euro fier 9 Stonnen Schoul ze haalen, dat as demesuréiert an steet an kenger Relatioun zu deem wat en dem Patron brengt, en plus kritt en nach gratis eng deier Formatioun. D’Paier vun den EU-Fonctionnairen sin nach méi iwwerdriwwen, op der EZB fänkt een z.B. mat iwwer 7000 Euro un, steierlech Vierdeeler gin et anscheinend och nach relativ vill.
Et wonnert mech, dat grad d’LSAP sech wiert, fier d’Paien vun den Fonctionnairen unzepassen, vu dat daat méi sozial Gerechtegkeet ging brengen well domat zimlech secher d’Kaafkraft vun den Salarié’en aus dem Privé ging eropgoen, z.B. doduerch dat den Immobilier net esou deier wier an och d’Präisser an der Gastronomie net méi esou héich wieren(cf. Nopeschlänner). Och kéint den Staat déi gespuerten Suen fier méi sozial gerecht Mesuren benotzen, déi jidderengem gingen hellefen, an nët nëmmen den Staatsbeamten.
Ech gin der awer Rescht, wanns de seess, dat d’Paien beim Staat méi missten un Responsabilitéit an un Leeschtung gekoppelt gin, och beim Staat gin et Leit déi p.r. zu hierer Aarbecht ennerbezuelt sin. D’Paien missten néi differenzéiert ging an d’Moyenne méi niddreg leien wéi dat aktuell den Fall as.
Alles Guddes fier d’Petra!
Raoul
Hallo Yves an Raoul,
ech wollt hei nëmmen eppes unmierken, wat ech elo aus eengener Erfahrung hun missten um eegenen Leiw spieren.
Ech haat elo d’Chance kënnen en Anbléck ze kréien an d’Situatioun, wann een sech als Letzebuerger am Privatsecteur fir eng Arbecht mellt.
Ech hun mir an allen Virstellungsgespréicher missten d’Fro gefaalen loosen, wisou ech mech net beim Staat oder enger Gemeng gemellt hätt fir eng Arbecht ze kréien, an ob ech envisagéieren an der Zukunft dohinner ze wiesselen, vue dass ech do jo zum Engen besser bezuelt ging gin, an zum Aneren eng secher Arbechtsplaatz hätt.
Wat soll een ob déi Fro seriö äntweren, schon alleng nëmmen Tatsach, dass engem als Letzebuerger déi Fro gestallt gett, misst schon ze denken ginn, an et misst een sech Gedanken machen ob do net en Fehler am System ass.
Wéi kann een vun sozialer Gerechtegkeet schwätzen wann een fir déi selwecht Arbecht beim Staat méi Pei an eng secher Arbechtsplaatz kritt?
Et misst een sech an mengen Aen ob der Halschent entgéint kommen, et sollt een versiichen d’Peien dobaussen esouwäit ewéi nemmen Méiglech erop ze kréien, an d’Ufanksgehälter beim Staat ebessen no ënnen ajustéieren (esou dass et sozial Gerecht wär). An eng längst iwwerfälleg Gehälterreform wär och emol beim Staat emol eeschthaft ze envisagéieren an duerchzeféieren, mee dat gett jo dann erem en däregen Dossier …
bG,
Sam
Zalü Sammy,
De Problem ass reel, dat steet guer net a Fro. Dee Wee dohinner ass éischter de Problem. Hei get vun der CSV pure Populismus bedriwwen, dir wäert gesinn datt sech iwwerhaapt näischt wäert doen an däer doten Affär.
mfG
Yves
Jo, diesbezüglech ginn ech dir recht, et misst eppes geännert gin, mee wann een kuckt wat fir eng Leit eppes dorunn sollen änneren gesin ech Schwarz och fir déi nächst Législaturpériod. Den Problem ass, dass d’Hoffnungsträger queesch duerch den Gaart net onbefaangen genuch sin, fir mat Wäitsiicht an engem maximum un Objektivitéit un déi Saach erun ze goën.
An déi Erkenntnis ass erschreckent!
Sam