Konferenz: Eng Schoul fir all Kand

mady2

Gëschter Owend hat eis Lokalsektioun op eng Konferenz invitéiert mat der Unterrichtsministerin Mady Delvaux. Wéi iwwerall wou sie am Ablack Konferenzen hällt iwwer di nei Schoulreform waren och zu Käerjeng sëlleche Leit komm fir sech z’informéieren an hier Froen ze stellen. Et war e gelongenen Owend dee beweist, datt vill Intressi do ass vu Säite vun den Elteren awer och vun dem Léierpersonal.

Ech hat eng kuerz Introductioun gemeet zum Thema:

Mat der Ofstëmmung an der Chamber vum 20 Januar dëses Joers, gouf eist alt Schoulgesetz vu 1912 reforméiert.

1912, dat war dat Joer wéi d’Titanic ënnergaangen ass. De Staatsschef an Däitschland war deemools de Keeser Wellem den II. an den amerikanesche President housch Woodrow Wilson.

Wat war hei zu Lëtzebuerg ?

De 26. Januar 1912 goufe bei engem Streik 4 Aarbechter op der Déifferdénger Schmelz vun der Gendarmerie erschoss.  1912 gouf et hei zu Lëtzebuerg nach keen allgemengt Walrecht, natierlech duerften och d’Frae nach net wielen. D’Jongen an d’Meedercher si net zesummen an d’Schoul gaang an haten zum Deel verschidde Schoulprogrammer a natierlech ganz verschidden Perspektiven am Liewen. Zu Lëtzebuerg hunn deemools eng 260.000 Leit gewunnt, dovunner 39.000 Auslänner.

Europa stoung kuerz viru enger grousser Katastrophe: dem 1. Weltkrich.

An dem doten Emfeld gouf zu Lëtzebuerg d’Schoulgesetz reforméiert. En deemools ganz ëmstriddend Gesetz wat ënnert anerem vu der katoulescher Kierch heftegst kritiséiert gouf. D’Grossherzogin Marie-Adelaide hat dowéinst gréisser Bedenken fir dat Gesetz a Kraaft ze setzen.

De gesonde Menscheverstand seet engem also datt eis Gesellschaft vun haut guer net méi mat däer vun 1912 ze vergläichen ass.  Et ass also evident, datt eist Land, eis Gesellschaft zanterhier vill changéiert ass. Eis Schoulgesetzgebung awer ass net mat changéiert.

Grad an dësem Beräich sinn awer zanterhier vill nei Erkentnisser komm. Ech zielen äech näischt Neits wann ech äech soen datt haut eis UNI Lëtzebuerg e Schwéierpunkt op d’Recherche an der Edukatioun leed.

Grad an dësem wichtege Beräich, deen eis Kanner soll op d’Zukunft preparéieren, ass ausser enger Mini-Reform aus dem Joer 1963 näischt geschidd an et kinnt ee mengen datt haut nach esou schoulgehalen géif ginn wéi dat viru 97 joer de Fall war.

An dëser Legislaturperiod goufen dës Gesetzer awer endlech reforméiert. Et war dëst sécher keng einfach Aufgab, stousse mer dach hei un dat wesentlechst wat de Staat an d’Gemengen z’organiséieren hunn, nämlech derfier ze suergen datt eis Kanner eng gudd Erzéihung genéissen an optimal op hier Zukunft preparéiert ginn.

Dat neit Schoulgesetz mécht nei Perspektiven op:

Ech gesinn 2 Wichtiger;

  • 1) Eng Schoul wou all Kand eng Chance kritt fir séngen Capacitéite no e ganzen Zyklus fäerdeg maachen ze kënnen. Et bleiwen zwar nach ëmmer gescheit a manner gescheit Kanner, mee all Kand soll herno e Bierger ginn, dee sénge Fakultéiten no um professionnellen a gesellschaftleche Plang säi Liewe ka réusséieren;
  • 2) Méi Demokratie. D’Schoulmeeschteren an d’Elteren ginn an den Entscheedungsprozess vun der Schoul mat agebonnen. D’Schoul soll keng Festung sinn.

 

Hei zu Käerjeng hu mer modern Infrastrukturen a fonkelnei Schoulgebeier, mäer hu jonk, dynamesch an engagéiert Léierpersonal.

Dat neit Schoulgesetz ass do dat leschte Stéck vum Puzzle dee mer brauchen fir datt dat alles e ganzt get. Ech mengen an der Käerjenger Gemeng wire mer prett fir dat neit Schoulgesetz gudd ëmzesetzen. 

Um Enn wëll ech nach soen datt mir Sozialisten houfrech sinn, datt grad eis Partei de politischen Duerchbroch fäerdeg bruet huet fir dat neit Schoulgesetz ofstëmmen ze loossen.

E grousse Merit dorunn huet eis Ministesch d’Madame Delvaux.

Am Comité vun der LSAP hu mer fonnd et wär wichteg, eng Konferenz z’organiséieren wou d’Madame Ministesch de Bierger ging dës wichteg Reformen erklären an hinne Ried an Aenwert stoen.

Mäer si frouh datt d’Mady Delvaux sech den Owen Zäit geholl huet a bei eis komm ass zemoolst well mer wëssen wat fir e chargéierte Programm sie den Ament huet. Iert ech hier d’Wuert ginn, soen ech hier am Numm vun eisem ganz Comité villmools Merci a wënschen Iech alleguerten en intressanten Owend.

Hei e puer Foto’en vun dem Owend:

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine