De “staarke Staat” …

Nach eng Kéier: ech si keen Economist, dofier verstinn ech villäit net ëmmer alles wat vun eisen “Experten” aus der Politik an dem Zesummenhang gesot get. Anerersäits erlaabt et mer villäit en neutralen, ganz naïve Bléck op di Aussoen ze geheien…
E klenge Rappel aus de läschte Joren virun der Wirtschaftskrise:
2006 huet d’Tripartite Mesure geholl (ënner anerem den Index auszesetzen) fir en Defizit am Staatsbudget ze stoppen an eiser Economie ënnert d’Ärm ze gräifen.
2007 stellt sech eraus datt dës Mesure gegraff hunn, d’Staatsfinanzen si rem gesond (och wëll eng Partie aussergewéinlech Recetten erakoumen)
2008 fänkt de Wirtschaftswuesstem un zréckzegoen. De PIB geet vu 6,4 (2006) a 5,2 (2007) op 2-2.5% erof.
Virun der Wirtschaftskrise also, huet d’DP gemengt mer missten d’Steieren erofsetzen:
(Journal 27.9.2007) Claude Meisch: CSV und LSAP erhöhten bisher die Steuer- und Abgabenlast. Die schleichende Steuererhöhung durch die Nicht-Anpassung der Steuertabelle an die Inflation, die am ersten Januar 2007 in Kraft getretenen Erhöhungen der Auto- und Benzinsteuer, des Beitrags zur Pflegeversicherung, der Mehrwertsteuer auf Dienstleistungen, belasten allesamt die Mittelschicht.
Well et dem Staat gudd an eiser Wirtschaft relativ gudd goung sollten d’Steieren um Loun awer och bei de Betrieber erofgesat ginn. (Wat d’Regierung dunn och gemeet huet).
Haut, 2009 matten an der Wirtschaftskrise wëllen d’Sozialisten eng Erhéijung vun der Solidaritéitssteier an d’Aa faassen, dat kënnt awer net a Fro fir d’DP an di Gring:
(Journal 10.3.2009) Die DP hat sich bereits klar ausgesprochen: Keine Steuererhöhung.
(RTL 12.3.2009) Solidaritéits-Steier: Déi Gréng si géint Steier-Haussen 2009
D’Fro di ech mer elo stellen ass di heiten:
Wéini kënne mer iwwerhaapt d’Steieren an d’Luucht setzen ?
- Wann d’Wirtschaft rullt, dann heescht et mer sollen d’Steieren erofsetzen
- Wann d’Wirtschaft hippt, dann heescht et: “nëmme keng Steiererhéijungen”
Eng Léier aus der Finanz- a Wirtschaftskrise:
A gudden Zäiten ginn d’Profiter ënnert den Aktionnäre veredeelt.
A schlechten Zäiten ginn d’Defiziter solidariséiert…
Oder anescht:
Wann et boomt verdéngen eenzelner vill Geld,
wann et de Bierg a geet, da musse mer alleguerten derfier opkommen…
Déi di fréier net genuch konnte privatiséiert kréien (d’DP, den ADR an och d’CSV) déi brëllen haut op eemol och nom “staarke Staat”.
Mee léiw Kollegen, fir datt mer dee “staarke Staat” kënne kréien, musse mer dësem och di néideg finanziell Mëttele ginn. Do sidd der awer op eemol net méi dermadden averstanen. Dir wëllt zwar e staarke Staat, mee dee soll am beschte Scholde maachen, kënnen di nächst Generatiounen alt dofier opkommen…nee?
Elo wou mer wëssen, datt d’Ausgaben aus dem Fonds pour l’emploi explodéieren an eis Solidaritéit gefuerdert get, sollte mer da net doriwwer nodenke wéi mer dëse Fong gespeist kréien ? Wat wär dann do méi richteg a gerecht wéi eng Erhéijung vun der Solidaritéitssteier, eng Steier déi de Salarié an de Patron bezuelen? Soll villäit nëmmen ee vun denen zwee herno “bludden” ? An: ass et net elo den Ament wou mer eis solle preparéieren fir datt “herno” (et get jo anscheinend eng Zäit “virun” an eng Zäit ”no” der Krise) net zevill muss berappt ginn ?
Wahrscheinlech ass dat doten alles vill ze vill subtil fir datt e “Net-Economist” wéi ech et sinn…
Comments (1)









Ech muss u sech e klenge Rectificatif maachen: an zwar hunn di Greng um RTL efektiv gesot mat hinne ging et keng Steiererhéijunge ginn, an hierem Communiqué op greng.lu schreiwen se awer :
“Für 2009 wollen déi gréng keine Steuererhöhung, für 2010 sind sie jedoch bereit auch über diese Möglichkeit zur Finanzierung von Konjunkturmaßnahmen zu diskutieren.”
Sou datt si also dach bereed wieren iwwert d’Erhéije vun e.a. der Solidaritéitssteier ze diskutéieren. Op RTL war dat net sou däitlech erauskoum.