Geféierlech Populisten !

reding2

Den ADR huet elo séng Europalëscht presentéiert. Am Géigesaz zu allen anere Parteien gi bei den Europawalen di selwescht Leit mat an d’Course wéi bei de Chamberwalen.

Dat ass eng riit an d’Schnëss vun allen denen di demokratesch Prinzipien nach eppes wäert sinn. Ze hoffen ass op alle Fall datt hier Rechnung net opgeet.

Souwisou hu si keng Prinzipien, wëll fir wat steet di Partei iwwerhaapt ? 

1° Steet den ADR nach fir Rentegerechtegkeet ? Mir hunn op alle Fall scho laang näischt méi dovunner héieren… 
2° Steet den ADR zum EU-Verfassungsvertrag ? Di eng Kéier soten se Jo di aner Kéier Nee, haut weess nach ëmmer keen wat se wëllen… 
3° Steet den ADR fir e staarke Staat oder dach fir méi Initiative aus dem Privaten ?
4° Wëll den ADR d’Beamtepeien kierzen oder wëll se der Fonction Publique hier Gehälter ofsécheren ?
5° Wëll den ADR den RMG kierzen, wéi hiere Sekretär dat gefrot huet oder wëll se dat net, wéi hiere President den Dag drop gemengt huet ?
6° Wëll den ADR e staarkt Europa an dem mer eis zukünfteg Erausfuerderungen zesummen uginn oder dach just en ”Europa vun de Natiounen” wou jidereen seng eegen Zëppche kacht ?
7° Wollt den ADR e Referendum iwwer d’Verfassungsreform oder wollt en dat net ?
8° Wëll den ADR datt d’Léierpersonal soll als Privatbeamten agestallt ginn oder sollt grad hiere Statut als Staatsbeamten verdeidegt ginn ?
9° Steet den ADR zu den Tripartite-Ofkommen aus dem Joer 2006 oder net ?
10° Hëllt den ADR sech iwwerhaapt nach selwer eescht ?

Wat bedeit iwwerhaapt “ADR” ?

Alternativ ass just hier Meenung : se alternéiert grad je no vu wou de Wand bléist

Demokratesch giff bedeiten datt se de Wëlle vun de Lëtzebuerger ging respektéieren a keng duebel Kandidaturen ging proposéieren

Reform- ging heeschen datt se zukunftsfäheg Projet’en fir eist Land an eis Gesellschaft gingen op den Dësch léen awer dat eenzegt wat se zanter Jore virzeschloen hunn ass en Tunnel duerch d’Stad Lëtzebuerg !

partei kéint se sech just nennen wa se den Usproch hätt eis Gesellschaft als ganzt ze representéieren si sinn awer just e Clibbche vun Onzefriddenen

Dee stännegen Hin an Hier a quasi alle politesche Froen verdäitlecht datt den ADR keng Meenung huet ! Oder nach méi schlëmm : datt se wuel eng Meenung hunn, mee eis déi léiwer verheemlechen!

Ech hoffen datt d’Lëtzebuerger dat do Spill séier duerchkucken a net op sou Populisten erafalen…

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine