Gedanken zum internationale Fraendag

Den 8. Mäerz feiere mer jo den Dag vun der Fra. Iwwerall op der Welt, mee hei zu Lëtzebuerg resuméiert sech dat op just e puer eenzel Pressekommuniqué’en vu Fraenorganisatiounen oder Gewerkschaften. Sou richteg get net un d’Fra geduecht. Op alle Fall fällt mer op datt a Finnland dësen Dag vill méi eescht geholl get wéi bei äis. Et geet dobäi net drëms sénger Fra moies de Kaffi bei de Bett ze bréngen oder fir eng Kéier d’Wäschmachine auszeraumen (dat kënnt der awer roueg maachen), nee et geet drësm sech un dem Dag d’Fro ze stellen: Wéi si mer zanter engem Joer viru komm a Saache Gläichstellung vu Mann a Fra ?
Bei eis zuLand schéngt mer dee Prozess e bessi ze hippen. Um Pabeier hu mer all di selwescht Rechter, mee ass dat och esou am richtege Liewen ? Nee. Am Gender Gap Report 2008 kënnt Lëtzebuerg op eng zimlech blamabel 66. Plaz ënnert 130 Länner. Mäer leien do hannert Länner wéi Wäisssrussland, der Mongolei, dem Kyrgistan oder dem Botswana. Dës schlecht Plaz get haaptsächlech domadden erklärt, datt den Taux vu beruffstätege Fraen zu Lëtzebuerg immens kleng ass. Eise relative Wuelstand ass sécher net ganz onschëlleg dorunner.
Wat mäer awer speziell opfällt ass datt mer net nëmmen zimlech schlecht placéiert sinn (am Schlusspeloton vun den EU-Länner), mee datt mer all Joers nach méi Plaze verléieren. Ware mer 2006 nach op enger 56. Plaz, sou si mer 2007 op di 58. an zejoertst op di 66. Plaz gefall.*
Och ouni di Statisitik geliess ze hunn hätt ee roueg kënne behaapten datt eiser Regierung hier Gläichstellungspolitik sech op e puer Affichen an de Busheisercher a Reklamen am Kino resuméiert. Wat ass da wierklech geschitt an de leschte Joren z.B. a Saachen gläich Gehälter tëschend Mann a Fra ? Näischt ! Nach ëmmer verdéngen Fraen zu Lëtzebuerg ëm di 15% manner wéi hier männlech Kollegen. Mäer hunn eis zwar ewell en Organ ginn dat dëst soll kontrolléieren. Mee der CSV hierer réckstänneger Familljepolitik ass ze verdanken datt dëst Organ iwwerhaapt kee Pouvoir huet a just als Alibi geschafe gouf.
Et ass dëst e Chantier deen sech d’Politik wierklech mnisst op de Fändel schreiwen! Leider ass bei villen de Frang nach net gefall…
An da nach eppes zu all denen di mengen: “et misst och en Dag vum Mann ginn!” Léiw Männer: esou laang d’Fraen an eiser Gesellschaft nach ëmmer schlecht ewech kommen ass all di aner 364 Deeg am Joer: “Internationalen Dag vum Mann“….
*Luxembourg’s poor ranking in gender equality measures (it ranked 66th in the WEF’s Global Gender Gap Report 2008; down 8 places from the previous year) can be explained by the low female employment rates, slow progress on implementing and promoting gender equality principles in legislation (including ratifying CEDAW’s optional clauses) and traditional emphasis on women’s responsibility for childrearing and housework. While there is gender parity in educational attainment, women face a glass ceiling in political life and in employment opportunities that can not be overcome without greater reform of the labour market and legislation. (Wikigender)
Comments (1)









ma ech kann Dir nömmen recht ginn… ma et ass awer och schued, fiir waat net vill Fraen reage eren.. oder… ?
Ech sinn och fir d Männer … ech hun der 3… Erwuessen ma et geet drömm fiir d Gleichstellung vun der Fra am Beruf asw…Gleich Leeschtung… gleiche Revenu…
ech mengen , et kann ee keng Fra zwengen fiir Politik ze maan.. ma wanns et maan soll een hinnen och de gleich Chancen ginn…eng Fra ass mat 60 genau esou aal we e Mann oder??.