Bravo fir de Carnet Culture Jeunes
D’Stad Lëtzebuerg huet gëschter hiere neie Carnet Culture Jeunes virgestallt. Heimadde kréien Jonker tëschend 12 a 25 Joer Gratis-Entreesticket’en fir verschidde kulturell Infrastrukturen an der Stad. Dës Initiative ass wierklech ze bregréissen. Well et ass net nëmmne sou datt vill Jonker wéineg vun der kultureller Offer profitéieren, mee et ass och esou, datt sech eng ganz Rëtsch Jonker sech dëst net kënne leeschten. Virun allem Kanner a Jugendlecher aus méi “bescheidene Verhältnisser” (wat e schrecklechen Ausdrock) mussen en Zougang zur Kultur kréien.
Dëst war och eng vun den Iwwerleungen déi ech deemools als JUSO-Generalsekretär mat der Campagne “Allocation Autonomie” virgestallt hunn. Hei waren ënnert anerem och chèques-culture gefuerdert ginn.
Dëst ass also eng luewenswäert Initiative vun der Stater Gemeng, déi hoffentlech och am Familljeministär fir dee néidegen Usporn suergt fir dëst op d’ganzt Land auszedehnen fir datt och di aner Jonk eng Kéier an de Genoss vun dësen Ticket’en kënne kommen.
(méi Info op vdl.lu)








