Äntwerten op d’Wirtschaftskrise
Et ass schon intressant ze gesinn wéi dacks sech d’Staats- an d’Regierugnschefen an de leschte Wochen a Méint gesinn: Am G7, G20, Eurogroup, Ministesch Conseil asw… Ech ka mech net erënneren datt jee eng Kéier sou vill däer Sëtzungen waren an dobäi fällt op datt wéineg, ganz wéineg dobäi eraus kënnt. Et schéngt wéi wa nach keen an Europa an och di aner Säit vum Atlantik e Rezept fonnd huet fir der Krise Meeschter ze ginn.
Dat erklärt villäit och dem Nicolas Sarkozy séng méi wi pénibel a pauschal Attacken op Lëtzebuerg, d’Schwäitz an Eisträich. Och hien huet kee Rezept a sicht no engem Schëllegen op den hie mam Fanger ka weisen fir datt nëmme keen op d’Iddi kënnt ze behaapten datt grad séng (a sénge Virgänger hier) Politik vun der Déreguléierung an der Privatiséierung un dem ganze Misère Schold ass. (Cf Bréiw un de Nicolas Sarkozy)
Hei zu Lëtzebuerg ginn awer elo Neel mat Käpp gemaach. Och hei huet zwar nach keen dat richtegt Geschiir fonnd fir géint d’Krise, mee d’Regierung probéiert awer eng Äntwert ze ginn. An engem Ament wou aus der Privatwirtschaft wéineg Impulser kommen wëll d’Regierung verschidde Prozeduren vereinfachen an och selwer eng ganz Rëtsch Investissementer maachen déi de Betrieber sollen hëllefen iwwer di mi schwéier Zäiten ewech ze kommen.
Dat ass richteg esou.
Eng kleng Dommheet hätt ech awer nach fir mat op de Wee:
Am Ablack läit de Plafong beim Staat a bei de Gemengen fir en Marché de gré à gré ze maachen (also kënnen direkt, ouni Ausschreiwung e Betrieb mat enger Aarbecht ze beoptragen) bei 40.000 Euro. Dëse Plafong muss sou séier wéi méiglech erop gesat ginn op z.B. 100.000 Euro (bei 120.000 Euro get et eng europäesch Ausschreiwung). Dat ging ville Betrieber hëllefen an et kinnt och sécher gestallt ginn datt dovunner di kleng a mëttelgrouss Betrieber aus Lëtzebuerg profitéieren. Ech hat dëst als Amendement zum Walprogramm 2009 eragereecht, mee villäit sollte mer net méi sou laang waarden bis eng nei Regierung dat an d’Hand hëllt. A Krisenzäiten soll ee séier réagéiere kënnen, dat muss eis Regierung elo beweisen.








