Mir Pappe këmmeren eis och ëm d’Kanner

Ok, Dir hudd Recht ! Ech kommen elo effektiv mat enger Banalitéit. Mee all d’Pappen vu klenge Kanner hunn den heite Problem sécherlech scho kannt: Et trëppelt ee gemiddlech mat sénger Poussette an dem klenge Butz duerch eis Stad an op eemol kënnt engem e penetrante Geroch aus der Kutsch entgéint. Kuerz drop fänkt de Bebé u mat brëllen oder grinst vun engem Ouer bei dat anert: Et ass geschitt! De Krappert huet eng Tellerminn geluet an déi muss sou séier wéi méiglech entsuergt ginn…
An hei kënnt de Problem: Wou fannen ech e Wéckeldësch (am Beschten e méi oder manner propperen) wou ech kann dee Klengen (dat Klengt) frësch maachen ?
Dat ass net évident: Ech hu bis haut nach keng ëffentlech Toilette an der Stad fonnt wou e Wéckeldësch ass. Et bleiwt engem also näischt anescht iwwreg wéi an eng vun den amerikanesche Fast-Food-Ketten ze goen, oder an ee vun de ganz rare Bistro’en wou esou équippéiert sinn. Mee och dann ass ee nach laang net op der gewonnener Säit:
Wann ee Pesch huet, da muss ee sech fir d’éischt an d’Rei stellen an eppes bestellen fir de Schlëssel vum Lokus ze kréien duerno muss een entweder e Stack erop oder an de Keller goen (wat mat der Kutsch net sou evident ass) fir bis op d’Toilette ze kommen, endlech ukomm mierkt een dann datt de Wéckeldësch op der Fraentoilette ass…
De Problem get nach méi komplizéiert wann een 2 Kanner huet, well: wouhi mat dem anere Kand ? Léisst een dat einfach virun der Dir stoen ?
Mol ofgesinn dovunner datt mer hei zu Lëtzebuerg par rapport zum Ausland zimlech schlecht équippéiert sinn wat kannerfrëndlech ëffentlech Toiletten ugeet, et schéngt mer och e Gesellschaftsproblem ze sinn: Mäer schwäetzen zwar gäre vu Gläichberechtegung an dovunner datt d’Männer sech och sollen ëm hir Kanner këmmeren, mee d’Wierklechkeet ass eng aner. A Wierklechkeet soen eis souguer d’Schëlder op den Toiletten, datt d’Fraen sech sollen drëms këmmeren fir d’Kanner frësch ze maachen. Fortschrëttlech Männer (ech nennen se mol einfach esou) déi kréien et dacks schwéier gemaach: op der Aarbecht wann se de congé parental ufroen, an der Gesellschaft wann se décidéieren Hausmann ze ginn, an eben och mat esou Banalitéiten wéi hei uewe beschriwwen.
Mir Pappe këmmeren eis och ëm d’Kanner, dowéinst sollten op d’mannst op allen ëffentlechen Toiletten Wéckeldëscher installéiert sinn am Beschten separat vun den Toiletten oder dann op de Fraen AN op de Männertoiletten. Villäit giff dës Moossnahm och dozou bäidroen datt verschidde Männer sech Froe stellen wann se hiert klengt Geschäfft maache ginn an all Kéiers och e Wéckeldësch niewt dem Lavabo gesinn…








