Invitatioun: Konferenz zur Schoulreform

Den 20. Januar goufen d’Gesetzer iwwer d’Schoulreform an der Chamber gestëmmt. Mat dëser Reform kommen eng Partie Neierungen op eis Schoulen, eis Kanner an eis Enseignant’en duer:
° Kompetenzorientéiert Léieren
° 2-Jores-Zyklen
° Pädagogesch a multiprofessionell Equippen
° Erfollegsplang fir all Schoul
° Partnerschaft mat den Elteren
Fir den Elteren an dem Léierpersonal d’Geleeënheet ze ginn sech iwwer dës Reform z’informéieren, invitéiert d’LSAP Käerjeng jiddereen dem d’Zukunft vun eise Kanner um Häerz läit op eng ëffentlech Informatiounsversammlung mat der Ministesch fir Erzéiung a Beruffsausbildung, Mady Delvaux-Stehres.
Mäer hoffen datt vill Bierger aus eiser Gemeng wäerten dervu profitéiere fir sech z’informéieren a fir hir Froen ze stellen.








