Investéiert an Energie…

Wéinst der Krise am Bankesecteur hu vill Leit vill Sue verluer. Déi eng méi, déi aner manner. Betraff si niewt de Banke selwer an de grousse Privatfortunen, och sëlleche Privatleit, déi hiert Erspuertend a SICAV’en oder aner Investissementer gestach hunn. An de läeschte Joren hat dat sech jo bewährt an och de Staat huet d’Leit encouragéiert, hiert Geld an Technologiefongen oder onduerchsiichteg Obligatiounen ze placéieren.
Och wann elo rem kräfteg Reklam gemaach get fir an esou ähnlech Fongen z’investéieren (mat verschiddene Garantien), sou stellt sech awer och d’Fro op dat wierklech sollt weider encouragéiert ginn.
Wär et net z.B. intressant fir steierlech Virdeeler ze schafen wa Privatleit gingen an eng propper Energieproduktioun investéieren (zesumme mam Staat oder de Gemengen) ? D’Energie get ëmmer méi knapps, siew et de Petrol oder de Gas a mer sichen no Léisungen fir erneierbar Energiequellen z’erschléissen. Dat huet also Zukunft an de Rendement vu sou engem Investissement ass och zimlech einfach virauszegesinn.
Sécher, et sprange villäit keng sou astronomesch Zommen dobäi eraus wéi dat verschidden Aktien an de läschte Jore fäerdeg bruecht hunn, mee op der anerer Säit ass de Rendement op laang Siicht quasi garantéiert. (Et ass haut kee Problem auszerechnen wéi laang eng Anlag brauch bis se Profit mecht)
Sou kéint ech mer gudd virstellen wann eng Gemeng ging hiere Bierger d’Méiglechkeet ginn fir un der Finanzéierung vun engem Wandrad, enger Biogasanlag oder enger gemeinschaftlecher Photovoltaïkanlag ze partizipéieren. Duech sou e PPP (Public Private Partnership) kéint d’ëffentlech Hand, Geld spueren beim Investissement an de privaten Investisseur kriit och nach e Benefiss ausbezuelt. Natierlech ging och d’Emwelt dervu profitéieren.
Amplaatz also an Citibank oder d’Pharmaindustrie z’investéieren, investéiert léiwer a Wandmillen, Sonnekollekteren a Biogasanlagen…








