E bessi Zuelematerial

sud_suffrages

Nodeems d’Lëscht vun der LSAP am Süden steet, ass et villäit héich Zäit, sech e puer Gedanken ze maachen iwwer der LSAP hiert d’Walresultat vun 2004:

Eng 1. kéier hu sech di Roud missten am Süden geschloe ginn:
LSAP 32,25%  – CSV 35,60%
Der LSAP hunn 54.141 Stëmmen op d’CSV gefehlt.

Dësen Ecart rëm gudd maachen ass d’Devise vum Südbezierk an d’Lëscht geet och scho mat engem Handicap an d’Walen: Di perséinlech Stëmmen vum Marc Zanussi a vum John Castegnaro fehlen, dat sinn der ëmmerhin 35.222.

Elo ass et awer och intressant ze kucken wou di Stëmme fehlen. Fir dat ze maachen giff ech mer erlaaben de Bezierk Süden an zwee ze deelen, an zwar an de ländleche Raum (speziell am Kanton Kapellen) an den urbane Raum (Kordall, Esch & Raum Diddleng-Betebuerg).

Léisst een di ländlech Gemengen ewech, da fällt engem op datt par rapport zu denen anere groussen Uertschaften am Süden, d’Resultater am Kordall ënnert der Moyenne leien. Effektiv läit d’LSAP an denen anere Gemengen bei iwwer 35% während am Kordall just 31-31,5% errecht ginn.

A Stëmmen ausgedréckt: der LSAP ginn am Kordall bal 15.000 Stëmme verluer…

Dat confirméiert wat ech ewell zanter 5 Joer an der Partei priedegen:

D’LSAP wënnt oder verléiert d’Walen am Kordall !

Wann d’LSAP wëll neess stärkste Partei ginn am Süden, da muss d’Resultat an alle Südgemengen verbessert ginn, awer speziell am Kordall muss geschafft ginn. Et ass kloer datt am Kordall am Ablack di bekannte Perséinlechkeete fehlen, déi Diddleng oder Esch matbréngt. Och kandidéieren dëst Joer nëmmen 3 Kandidaten aus den dräi Kordallsektiounen (2004 waren et der nach 5). Dat ass e kloren Optrag un de Südbezierkscomité fir sech speziell am Südwesten vum Land besser ze positionnéieren an am Walkampf do Akzenter ze setzen.

Mat bal 20.000 Wieler am Kordall, ass et net normal, datt keen LSAP Kandidat et 1999 an 2004 packt huet fir gewielt ze ginn. Op der anerer Säit, bei der CSV an och der DP gouf dat erkannt, si stellen 3 Deputéierten an denen dräi Gemengen.

De Kordall brauch en nei politesch Alternative: et get Problemer an denen 3 Gemengen déi an de läschte Jore net geléist goufen. Op dëse Sujet’en mussen mir Kandidaten aus de Gemengen Péiteng, Déifferdeng a Käerjeng schaffen. Méi iwwer dës Sujet’en an engem spéideren Artikel.

Zuelematerial: www.elections.public.lu

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine