ERRATUM (mol eppes onpolitesches)

An der neier Editioun vum ECHO DES COMMUNES, ass en Interview vu mäer dran, an zwar mol eng Kéier net als Politiker mee als Beamten. D’Iddi war fir de Phenomen vun de Relations Publiques am Gemengesecteur e bessi ze beliichten. Op der Couvertüre vun dem Magazin hunn se awer fälschlecherweis drop geschriwwen ech wär de Buergermeeschter… Dobäi hunn ech guer net d’Ambitioun Buergermeeschter zu Stengefort ze ginn
, deen heescht nämlech Guy Pettinger an dee mecht séng Saach wierklech gudd !
Wéinstens steet et richteg am Artikel.
Den Artikel kann een hei noliesen.








