1. Landesmeeschter am Gummistiwwelwäitworf

cup2

Nodeems sou lues a lues d’Lëschte vun de Parteie bekannt ginn, fällt op datt dës Kéier neess vill Nimm vu (ex-)Sportler optauchen. Während bei der CSV, d’Tessy Scholtes, bei der DP d’Anne Kremer an de Benoît Joachim nei mat an d’Wale ginn an d’Nancy Kemp-Arend (CSV) an den Eugène Berger (DP) och neess untrieden, kann een sech froen op een iwwerhaapt nach eng Chance huet gewielt ze ginn wann ee selwer keng grouss sportlech Vergaangenheet huet. Datt dat dote funktionnéiert weist och datt esouguer d’Kanner vu bekannte Sportler nach gewielt ginn, gemengt ass hei d’Fabienne Gaul, nei CSV-Deputéierten (oder ass di Damm nach fir eppes anescht bekannt ?).

Wahrscheinlech hätt ech mech net sollen als jonke Mënsch politesch engagéieren, liesen, diskutéieren, lauschteren, mat anere streiden, Sëtzung op Sëtzung, di ganz Fräizäit drop maachen. Wahrscheinlech hätt ech solle méi Sport maachen a kucken fir iergendwéi bekannt ze ginn.

Ech wëll kengem vun dene genannte Kandidaten eppes ënnerstellen, dofier kennen ech se net genuch, a villäit wäerten se eis jo och iwwerraschen. Mee si däerfe sech awer net wonneren wann d’Leit sech froen ob si wéinst hierer Kompetenz oder just wéinst hiere Sportsresultater gewielt ginn. Ass et net och esou datt eng Partei di op bekannte Sportler zreckgräift domadden och agesteet datt si net genuch gudd potenziell Politiker an hiere Reien huet an dofier léiwer bekannte Gesiichter aus dem Sport an d’Course schéckt ?

Ech denke net datt ee muss en Doktoratstitel an der Economie oder an de Siences Po hu fir kënne Politik ze maachen. Eis Gewielten sollten am Beschten eng gudd Mëschung sinn tëschend Männer a Fraen, Beamten an Aarbechter, Direkteren an Employéen, Affekoten, Sportler, Kënschtler, Gewerkschaftler a sozial engagéierte Bierger etc. an esou e Spigelbild vun eiser Gesellschaft duerstellen. D’Fro stellt sech awer op et gudd ass fir eist Land wa bis een Drëttel vun den Deputéierten als eenzege ‘Bagage’ de Sport matbréngen.

Dat alles wäert mech awer net découragéieren !

Déi di mech kennen wëssen datt ech mech mat Häerz a Séil engagéieren. Zu Käerjeng, grad ewéi am Kordall an och fir eist Land. De Walkampf wäert spannend ginn an ech wäert mäi Bescht ginn.

Fir meng Chancen e bessi ze verbesseren hunn ech awer décidéiert fir u menger Karriär als Sportler ze schaffen. Dofier hunn ech gëschter metten ëm 17 Auer de Landesrekord am Gummistiwwelwäitworf gebrach an zwar zu Käerjeng am Park (no laange Recherchen hunn ech erausfonnd datt bis gëschter nach keng Meeschterschaft war). De neie Landesrekord läit elo bei 14 m 33 cm a well bis haut nach nie eng Kompetitioun war, droen ech ganz houfreg den Titel « Landesmeeschter am Gummistiwwelwäitworf 2009 »  an der Kategorie: Mixte- Simple – iwwer 80 Kg*

Elo ass nach ze hoffen datt de “Gummistiwwelwäitworf” endlech zur olympescher Disziplin gemaach get an ech dann an de Nationalkader vum COSL opgeholl ginn. Dann dierft och enger Karriär an der Politik näischt méi am Wee stoen, oder ?

 

* Et ass och méiglech mech erauszefuerderen, meng Donnéen stinn an der Rubrik « Iwwer mech »

hei di offiziell Reglementer fir d’Disziplin Gummistiwwelwäitworf

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Comments (5)

 

  1. Wéi ech haut de muere gewuer gouf war zejoerts ewell eng Meeschterschaft am Gummistiwwelwäitworf an zwar zu Käl. De Meeschter vun zejoerts heescht Christian Welscher (nozekucken op: http://tourisme-kayl.lu/Gummistiwwelwaitworf)

    Ze präziséiere bleiwt awer, datt hien mat engem “rietse” Stiwwel geheit huet an ech mat engem “lénken”. Jidereen den eppes dovunner kennt wees datt dat en enormen Ennerscheed ass…

    Mee ech stelle mech awer der Konkurrenz a setzen da mäin Titel op d’Spill an zwar de 6. Juni 2009 zu Käerjeng am Park. Do kann dann de “rietse”-Gummistiwwellandesmeeschter 2008 probéiere mer den Titel neess ofzehuelen.

    Natierlech kann och all aneren Intressent sech den Dag un eis moosse kommen…

  2. SITCK says:

    Sorry, et gëtt nëmmen eng richteg Meeschterschaft an déi fënnt zu Käl statt. Hei sinn fest Reglementer, wou jifffereen sech muss drun halen. Dës Meeschterschaft gëtt et iwwregens schonns zënter 5 Joer.
    Matgedeelt vum SITCK-President

  3. Richteg ! Wéi ech den Post geschriwwen hunn, hat ech et gegoogelt an hat näischt fonnd… kuerz drop gouf ech dunn drop opmierksam gemeet datt effektiv ewell sou eng Meeschterschaft organiséiert gett… Ech probéieren selbstverständlech och laanscht ze kommen a wënsche vill Erfolleg !!!

  4. SITCK says:

    …….leider ze spéit. D´Meeschterschaft war den 2. August an de Rekord läit zënter dräi Joer bei 35,30 Meter. Biller sinn op eisem Site http://tourisme-kayl.lu

  5. SITCK says:

    1.WURFMATERIAL
    Bei den Herren besteht das Wurfmaterial aus einem rechten oder linken Gummistiefel
    der Größe 43, von welchem der Bügel am oberen Ende des Schafts entfernt wurde.
    Das Gewicht des Stiefels beträgt 1 kg (950 – 1050 g), die Höhe beträgt 43 cm (42 – 44
    cm gemessen von der Ferse bis zum oberen Ende des Schafts) Also riets oder lenks egal

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine