Keng Duebel Kandidaturen ???

Et ass jo scho bal e Witz: Am Wort Interview vum 9. Januar félicitéiert de François Biltgen sech, datt vun elo uns keng duebel Kandidature méi gemeet gi bei den Europawalen. Et wär jo e Skandal, datt déi di all di Jore virdru gewielt goufen, nie ugetruede sinn am Europaparlament. Abee, dee gudde Virsatz hat net laang gehalen. De 7.6. schéckt d’CSV alt neess eng Kandidatin an d’Course fir 2 Posten, an zwar d’Madame Reding. Si krut ewell verséchert datt si EU-Kommisarin fir Lëtzebuerg get en plus kandidéiert si fir d’Europaparlement wou si demno nie wäert untrieden.
Eng Stëmm fir d’Madame Reding ass also eng Stëmm fir d’Poubelle !
Dobäi ginn di Walen fir dat europäescht Parlament ëmmer méi wichteg. Di meeschte Gesetzer di mer hei zu Lëtzebuerg stëmmen hunn en europäeschen Uersprong. Dofier ass et wichteg datt mer eis beschte Leit an d’Europaparlement schécken (grad ewéi och an d’Kommissioun). Mäer hu 6 Vertrieder vu 736 (oder 751 Vertrag vu Lissabon). Den Ament stellt di konservativ Fraktioun 288 Deputéierten, d’Sozialdemokraten der 216. Wa mer eis also dacks opreegen iwwer Privatiséierungen, Déreguléierungen, Schwäche vun eisem Aarbechtsrecht, déi vu Bréissel ordonnéiert ginn, dann ass dat virun allem wëll di Hären Berlusconi, Sarkozy a Konsorten di gréisste Fraktioun am Parlament stellen an di meeschte Memberen an der Kommissioun, resp. dem Ministerrot hunn. Mäer mussen eis dofier bewost sinn, datt wa mer d’CSV wielen, domadden och di riets Fraktioun am Parlament stärken.
Eng Stëmm fir d’CSV ass also och eng Stëmm fir de Berlusconi !
Hei nach alternativ Plakater fir den CSV-Walkampf:


Comments (5)









Salut Yves,
Ech gesinn dat (ausnahmsweis) genau sou wéis du
=> http://manuelhuss.wordpress.com/2009/01/26/dcsv-a-getrennte-leschten/
Gutt Idi mat de Fotomontagen
jo haha ass wouer….
eng Stemm fir den Här Engel ass eng stemm fir den Turkmenbashi oder den Kim Jong Il …
eng Stemm fir den Robert Goebbels ass eng fir d Atomlobby …
daher fannen ech sollt d LSAP den Goebbels nodréiglech vun der lescht streichen – di aaner lait op der lescht sin awa qualifizeiert a kompetent lait!
Ech wousst net datt de Robert Goebbels ging blann d’Atomlobby wëlle schützen. Hien huet do awer e bessi méi eng nuancéiert Approche….
Zalü Manuel, et mecht mech richteg rosen datt d’CSV sech de Mäntelchen undeed vun de groussen Europäer a wanns de da gesäis wien si an d’Parlament resp an d’Kommissioun schécken, dann dréint sech bei mir de Mo… Schlëmmer ass, dat ech mengen et giff kengem Mënsch opfalen….
fotomontagen sin toll
et gett och nach eng vu den berlusconi plakeg um fkk ronderemleeft – ech keint ma déi guddd mam orangen logo virstellen “mir mickreg argumenter an europa”
regards!!!