René Kollwelter am Feierkrop

Haut liesen ech am Feierkrop en Artikel vum René Kollwelter den sech opreegt, datt d’Parteiexecutive décidéiert hätt de Robert Goebbels zum Spëtzekandidat op eiser Europawallëscht ze maachen. Ech hat dee Bréiw nach net gesinn, mee op alle Fall iert hien sech: Di Décisioun ass NET vun der Parteiexecutive NACH vun der Parteileitung geholl ginn, sou datt et natierlech um Kongress ass ze décidéieren wien Spëtzekandidat get. Ech mengen hien huet do e bessi séier geschoss. On verra de 9. Februar um Europakongress wat eis Militanten dozou soen, well déi hunn do dat läscht Wuert.

Print, Email, Share, Bookmark
  • email
  • Print
  • Facebook
  • Twitter
  • Google Bookmarks
  • MySpace
  • Digg

Leave a Reply


This site is powered by Wordpress based on theme Leanmagazine