De Roude Fuedem

Gëschter gouf den 1. Entworf vun eisem Walprogramm virgestallt. Dëse get elo intensiv mat de Memberen diskutéiert an amendéiert fir um Kongress dann definitiv ugeholl ze ginn. Et ass villes dran an ech hoffen datt och Net-Memberen sech wäerten Zäit huelen fir di eng oder aner Proposen ze maachen. Esou kéint op alle Fall dee Programm just u Kalitéit gewannen.
Ech si mer awer bewosst, datt net vill Leit dee ganze Programm wäerte liesen a léiwer op eng Kuerzfassuung waarden. Mee villäit kënne si och just déi Passage liesen déi se wierklech intresséieren…
De ganze Programm kann een hei als PDF eroflueden.








