Bezierkskongress Zentrum: Staark Ried vum Jeannot Krecké

(d´Kandidaten aus dem Zentrum)
De Bezierkskongress huet d´Kandidatelëscht fir den Zentrum ugeholl. mee dat war souwisou nëmmen eng Formalitéit. Wat vill méi erausgestach huet waren di eenzel Rieden. Ech muss soen datt quasi all d’Rieden (vum Alex Bodry, Jean Asselborn, Robert Goebbels, Fernand Schiltz, Mars di Bartolomeo) vun enger aussergewéinlecher Kalitéit waren. Speziell awer dem Jeannot Krecké séng Ried dierft den Delegéierten an Erënnerung bleiwen.
Fräi vun all Zwang, huet de Jeannot net als Regierungsmember, mee als LSAP-Militant geschwat, ouni e Blat virun de mond ze huelen: Et komme schlecht Zäiten op eist Land duer an hien huet probéiert d’Enjeu’en vun de nächste Walen z’emräissen.
Mäer sollen dofier awer net an de Pessimismus verfalen, mee grad mir Sozialisten sinn optimistesch fir d’Zukunft. D’Rezepter si nämlech bekannt: Solidaritéit, Stärke vun eise Sozialsystemer, dem Mënsch Prioritéit ginn virun dem Kapital, dat sinn di traditionnel Politikfelder vun der LSAP. Grad elo ginn d’Sozialiste gebraucht. Grad elo ass et wichteg datt eist Land gefouert get vu Politiker di Häerz a Verstand hunn.
Ech frée mech op dee Walkampf
Iwwregens: ech hu gezielt wéi dacks d’Riedner gesot hunn: “Grad elo“* an zwar net manner wéi 5 mol…
* lies och den Artikel “Mir paken et un”








