Mir paken et un…
Sou ass de Slogan deen d’LSAP op der Neijooschdagsreceptioun presentéiert huet. Dëse Slogan ass awer weder vun der Parteileitung, nach der Partei-exekutive ugeholl ginn, sou datt et sech hei just em e provisoresche Slogan handelt a nach net de Slogan fir d’Walkampagne ass. *
Perséinlech fannen ech dee Slogan och net extra gudd.
Wat pake mer un ?
Wat hu mer dann di lescht 5 Joer gemeet ? Hu mer net scho villes ugepak ?
Et spiert een am Ablack eng gewëssen Onrouh bei de Leit. Vill Leit maache sech Suergen iwwer hir Zukunft an déi vun eisem Land. Si si vill méi pessimistesch wéi nach virun 2 Joer (Eurobarometer). SI erwaarde sech vun de Parteien datt dës Aentwerten op hir Suerge ginn. Et sollt och am Slogan vun der LSAP erfirkommen datt d’Sozialisten dat erkannt hunn.
Bei Geleenheet vum Nordbezierkskongress hat ech kuerz mam Robert Goebbels doriwwer riets, den och menger Meenung ass. Hien huet Virgeschloen datt eise Slogan misst sinn: “GRAD ELO d´LSAP !” Ech fannen déi Propose immens gudd a wäert se demnächst an der Parteileitung erareechen.
* An der Presse gouf fälschlecherweis gemengt, MIR PAKEN ET UN wär eise Slogan vun den 2004er Wale gewiescht. Deemools war eise Slogan awer “AM MËTTELPUNKT VUM LIEWEN”. MIR PAKEN ET UN war just op engem Volet vun eiser Affichekampagne ze gesinn.
Comments (1)









[...] * lies och den Artikel “Mir paken et un” [...]