Kee Versteesdemech fir d’Eva Herman

Firweg geholl: ech war weder op däer Versammlung zu Betzder, nach hunn ech iergend e Buch vun der Madame Herman gelies (ech wäert mech och schwéier hidden). Ech erlaabe mer trotzdem méng Gedanken iwwer dës Veranstaltung néier ze schreiwen.
De Freideg Owend, war op Invitatioun vun der Famill 2000 asbl an der Madame Marie-Josée Frank (CSV), d’Eva Herman zu Betzder invitíert fir iwwer de Wäert vun der Famill ze schwätzen. Fir déi di net wësse sollten wien di Madame ass, hei ee vun hire bekanntesten Zitater :
“Wir müssen den Familien Entlastung und nicht Belastung zumuten und müssen auch ‘ne Gerechtigkeit schaffen zwischen kinderlosen und kinderreichen Familien. Und wir müssen vor allem das Bild der Mutter in Deutschland auch wieder wertschätzen lernen, das leider ja mit dem Nationalsozialismus und der darauf folgenden 68er Bewegung abgeschafft wurde. Mit den 68er wurde damals praktisch alles das – alles, was wir an Werten hatten – es war ‘ne grausame Zeit, das war ein völlig durchgeknallter, hochgefährlicher Politiker, der das deutsche Volk ins Verderben geführt hat, das wissen wir alle – aber es ist damals eben auch das, was gut war – und das sind Werte, das sind Kinder, das sind Mütter, das sind Familien, das ist Zusammenhalt – das wurde abgeschafft. Es durfte nichts mehr stehen bleiben…“
A si war a gudder Gesellschaft: di ganz lëtzebuerger Politpopuliste waren do fir iwwer dëse Sujet hir Meenung zum Beschten ze ginn: dat wieren dann niewt der Madame Frank och di Häre Kartheiser a Mehlen vun der ADR an der AHL.
Am Résumé kann ee festhalen datt sie fannen, d’Frae sollte neess hannert d’Kachdëppen an d’Männer solle schaffe goen. Si hunn e Bild vun der Fra, dat ganz no un dat erukënnt wéi et Ugangs vum leschte Jorhonnert war. (D’Madame Herman referéiert souguer op zb d’Zäit vun 1932-1945)
Et huet mech révoltéiert, wéi ech ech gesinn hunn, datt op dëser Veranstaltung de Feminismus als Uersaach vun “all Iwwel” a speziell de Scheedungen duergestallt gouf. Ech ka net verstoen wéi ee kann hautdesdags esou e Brach vu sech ginn. Nodeems ech mer et nach emol duerch de Kapp goe gelooss hunn sinn ech awer zur Conclusioun komm, datt si et ebe net besser wëssen. Datt si sech wahrscheinlech nach nie mat dem Sujet sou richteg ausernaner gesat hunn. Villäit droen och den een oder anere vun hinnen Scheiklappen wëll se net driwwer ewechkommen datt hir Fra sie verlooss huet resp. méi doheem ze soen huet wéi si…
Natierlech ass et esou datt zanter d’Fraen net nëmmen Rechter um Pabeier hunn, mee och eng Gläichheet am Liewen an an der Gesellschaft ustriewen, et méi Scheedunge get wéi dat nach viru 60 Joer war. Et ass kloer datt Fraen di schaffe ginn net sou ofhängeg vun hierem Partner sinn an et dofier méi liicht hunn, sech vun him ze trennen. Mee ass dat ze verdäiwelen ? Ass dat net besser wéi wann d’Frae vun hiere “Männer” ënnerdréckt ginn a sech net wiere kënnen, well se soss op sech selwer gestallt sinn ?
Ech menge Jo !
Wat eis an der Fro vun der Gläichsstellung vu Fra a Mann nach net gelongen ass, dat ass de géigesäitege Versteesdemech z’entwéckelen. Egal wéi ee Partner d’Kanner erzidd an egal wéi ee vun denen 2 dags iwwer schaffe geet, et kritt een eréischt eng gesond Approche wann een och dem anere séng Situatioun richteg versteed. Dofier ass et wichteg, datt de Congé parental vu ville Männer an Usproch geholl get. Esou kënne sie erkennen mat wat fir engen alldeegleche Problemer een ze kämpfen huet wann ee sech all Dag ëm séng Kanner këmmert. Doriwwer eraus wär et eichteg e richtege Pappecongé anzeféieren (nët nëmmen di 2 Deeg di en haut kritt an rem schaffe geet soubal d’Mamm aus dem Spidol ass), ech wäert dat op alle Fall bei eisem Walprogramm zur Diskussioun bréngen.
A woumadder mer op alle Fall sollen ophalen ass engem e Virworf ze maachen datt e schaffe geet oder doheem bleiwt. Dat soll jidereen fir sech, ouni Drock vun der Gesellschaft, décidéieren.
Dat bessert géigesäitegt Versteesdemech giff eis eng nei Kalitéit bréngen an der Diskussioun vun der Gläichheet tëschend Mann a Fra awer och derzou bäidroen datt manner Leit der “gëllener Zäit” vun den 30er a 40er Joren notraueren…








